Si goufe gewielt60 Deputéiert, 48 Männer, 12 Fraen - Gewënner a Verléierer

Hei déi nei Chamber, där hir Kompositioun sech natierlech nach ännert, wann d'Regierung gebilt gëtt. Dann dierften nach eng Partie Leit norëtschen.

RESULTATER: Esou gouf gewielt.

D'Nimm vun de 60 Deputéierte sinn zanter e Sonndeg den Owend gewosst, mä wéi geet et elo am Timing weider? D'Koalitiounspartner musse sech nach fannen - dëst decidéiert sech déi nächst Deeg, wa bis e Formateur vum Grand-Duc genannt gouf. Da kënnt déi nei gewielt Chamber eng éischte Kéier d'iwwernächst Woch beieneen - dëst um Dënschdeg, den 30. Oktober, matten an der Allerhellgevakanz also.

Dës Sëtzung gëtt vum Doyen vun den Deputéierten, dem Gast Gibéryen (ADR), an den zwee jéngste Volleksvertrieder, dem Sven Clement vun de Piraten an dem François Benoy vun déi Gréng, geleet. Dëst ass de provisoresche Chamberbüro - duerno ginn d'Pouvoire vun de gewielten Deputéierten iwwerpréift.

Wann dat bis geschitt ass, ginn d'Deputéiert pro Bezierk vereedegt - dat gëllt natierlech net fir d'Regierungsmemberen.

Gewënner a Verléierer
Gewënner a Verléierer vun de Walen 2018 (15.10.2018)
D'Resultat vun de Walen huet op méi wéi engem Punkt iwwerrascht. Zwee Ministere sinn zu.B. net méi ënnert de Gewielten, op der anerer Säit kommen neier dobäi.


Wat bei de Käpp opfält ass, datt de Premier Xavier Bettel den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler am Zentrum dach däitlech geklappt huet.  De Politiker, deen déi allermeeschte Stëmme konnt verbuchen, war den Ausseminister Jean Asselborn, deen am Süde gutt 40.000 Stëmme krut.

Alles an allem sinn et 9 nei Gesiichter, déi um Krautmaart wäerte sëtzen - dat op d'mannst éier nach Deputéiert noréckelen. Fänke mer vläicht u mat den zwee wierklech ganz neien an der Chamber – net just vun de Käpp hier, mä generell och partei-faarflech. De Sven Clement an de Marc Goergen hunn et jo fir d'Piratepartei op de Krautmaart gepackt.

Direkt 3 nei Gesiichter goufe vun de Gréngen direkt an d'Parlament gewielt: de François Benoy, de Charel Margue an de Claude Turmes, dee jo 19 Joer laang Europadeputéierte war, ier e kierzlech zeréck op Lëtzebuerg koum, fir de verstuerwene Staatssekretär Camille Gira ze ersetzen.

Nei an der Chamber dann och den Diddelenger LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana, deen eng 12. Plaz am Walbezierk Süde realiséiert huet.

Och den Escher Buergermeeschter Georges Mischo, dee jo bei de Gemengewale schonn d'Escher Märei konnt erueweren, siegéiert elo fir d'CSV um Krautmaart, genee wéi och de Paul Galles de Sprong dohi gepackt huet, mat souguer engem bessere Score wéi den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider.

An och d'ADR ass mat engem neie Gesiicht vertrueden, nämlech dem Jeff Engelen, deen e Nord-Sëtz erreecht huet.

9 nei leit also um Krautmaart, ma d'Lëscht vun deenen, déi et net méi an d'Chamber gepackt hunn, ass dogéint vill méi laang: 23 sinn et der, dorënner mam Lydia Mutsch, dem Marc Hansen an dem Francine Closener 3 Regierungsmemberen.

Och net direkt gewielt den LSAP-Parteipresident Claude Haagen, den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet, den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten, säin DP-Homolog Claude Lamberty oder den DP-Fraktiounschef Eugene Berger.

Dernieft fënnt een Nimm wéi d'CSV-Deputéiert Sylvie Andrich Duval, Martine Mergen oder Claudine Konsbruck, déi net gewielt goufen.

Op LSAP-Säit d'Taina Bofferding, d'Simone Asselborn-Bintz, de Franz Fayot, d'Cecile Hemmen, d'Tess Burton oder d'Claudia Dall'Agnol.

D'DP-Parlamentarier Gust Graas, Edy Mertens, Joelle Elvinger a Fränk Colabianchi.

A bei de Gréngen de Gerard Anzia an den Henri Kox.

Wéi gesot, et muss en awer ofwaarden, wien alles wäert noréckelen, wa bis eng Regierung steet.



Walen 2018


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.