1. ChamberssëtzungVerificatiounskommissioun huet Resultater vun de Wale validéiert

En Dënschdeg de Mëtteg ëm 14.30 Auer war déi éischt Seance vun der forméierter Chamber zanter de Wale virun déck zwou Wochen.

Déi nei Chambersessioun ass op (30.10.2018)
Um Dënschdeg gouf d'Walresultat vum 14. Oktober an der éischter Sessioun vun der neier Chamber validéiert.
Et war bëssen, wéi den éischte Schouldag en Dënschdeg um Krautmaart. Zefridden Gesiichter an eng gewëssen Opreegung bei enger Réi Deputéiert, fir déi et déi éischte Kéier ass, datt si am nei-renovéierte Plenièressall vun der Chamber sëtzen. Presidéiert gouf d'Sëtzung vum déngschteelsten Deputéierte Gast Gibéryen. Et war en éischter ongewinntent Bild. Vertrieder vun der Press an eng ganz Rëtsch Fotografen, déi an der Plenière stoungen, fir de Bols bei den neien an awer och den scho méi erfuerenen Deputéierten ze fillen.

FOTOGALERIE: Andréck vum Krautmaart vum Roland Miny.

1. Chambersëtzung / Reportage Claudia Kollwelter



De provisoresche Chamberspresident a seng zwee jonk Assistenten, de Sven Clement an de François Benoy, hunn aus de gewielte Politiker 7 Leit an déi sougenannt Verificatiounskommisioun geloust. No enger gudder Stonn huet d'Rapportrice vun der Kommissioun Sam Tanson eng Partie vun de Recommandatiounen, déi un de Staatsministère geriicht sinn, opgezielt.

Ënner anerem gëllt et bei den nächste Walen, d'Prozedur, fir d'Bréifwal online unzefroen, ze verbesseren. Donieft misst och d'Kommunikatioun mat de Presidente vun de Walbüroen a puncto Walgesetz verbessert ginn. Dorënner falen ënner anerem d'Wale vun blannen oder behënnerte Leit oder dem obligatoresche Passage am Walbüro an de Walkabinnen.

FOTOGALERIE: Impressioune vum René Scho
D'Kommissioun huet decidéiert, datt d'Walvirgäng gereegelt verlaf sinn an datt d'Resultater vun de Wale kënne validéiert ginn. Doropshi konnten déi nei Deputéiert vereedegt ginn. De provisoresche Chamberspresident Gast Gibéryen huet dorun erënnert, datt et zanter 1989 déi éischte Kéier ass, datt 7 politesch Parteien an der Chamber vertruede sinn an un d'Wichtegkeet vun der parlamentarescher Aarbecht erënnert.

D'Parlament ass déi Plaz, wou verschidden Iddien an Usiichte matenee konfrontéiert an diskutéiert ginn. Et muss een als Lëtzebuerger Parlament och houfreg sinn, datt dëst ëmmer an enger dach korrekter Aart a Weis gefouert goufen, ëmmer mat Respekt géintiwwer deem, deen eng aner Meenung hat.
Dës éischt Chamberseance an och d'Reunioun vun der Verificatiounskommissioun waren op fir de Public. Et haten och eng ganz Partie Leit sech fir dës éischt Sëtzung op de Krautmaart deplacéiert.

Am Ganze goufen en Dënschdeg 8 Deputéiert vereedegt, déi nach ni um Krautmaart souzen. Derbäi koum d'Viviane Reding, si war zwar scho vun 1979 bis 1989 an der Chamber vertrueden, ma gouf och erëm als nei Deputéiert vereedegt. E puer Gesiichter aus der aktueller Regierung hunn awer bei deene 45 Deputéiert gefeelt, déi um Dënschdeg vereedegt goufen.

Nei Gesiichter an der Chamber (30.10.2018)
E puer Andréck vun den éischte Schrëtt vun den "Newcomer" an der Chamber.


D'Lydia Mutsch, d'Francine Closener an de Marc Hansen hunn de Sprong an d'Chamber net aus eegener Kraaft gepackt.

RTL.lu: FOTOEN a VIDEO - Nei Technik: De Chantier vun der Chamber ass ofgeschloss

Déi éischt Sëtzung vun der neier Chamber
Presidéiert gouf dës Sëtzung vum déngschteelsten Deputéierte Gast Gibéryen vun der ADR. Assistéiert gouf hie vun den zwee jéngsten Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei an dem François Benoy vun déi gréng.

Nei Chamber: Reportage Maxime Gillen



D'Reglement gesäit vir, dass wärend der éischter Sëtzung iwwerpréift gëtt, ob d'Walresultater konform mam Gesetz sinn. De provisoresche Chamberspresident a seng zwee jonk Assistente lousen dofir aus de gewielte Politiker 7 Leit fir an déi sougenannt Verificatiounskommissioun aus. Da gëtt d'Seance ënnerbrach, bis dës Kommissioun kontrolléiert huet, ob eventuell Plaintë virleien an ob och soss alles an der Rei ass. Dann eréischt kënnen déi nei Deputéiert vereedegt ginn.

Viru 5 Joer war et d'Anne Brasseur, déi déi éischt Chamberssëtzung presidéiert huet. Assistéiert gouf si deemools vum Serge Wilmes vun der CSV a vum Lex Delles vun der DP.

Opgemaach gëtt déi nei Sessioun an der Reegel am Numm vum Grand-Duc vum Premier.

45 Politiker gi vereedegt
Interessant ass och, wien dann do an där neier Chamber beieneekënnt. Alles an allem gi 45 Politiker vereedegt, also déi neigewielt Deputéiert, ausser déi Leit, déi faisant-fonction an der Regierung sinn.

Nei Chamber: Reportage Roy Grotz



Sou ginn also zum Beispill net de Claude Turmes an de Pierre Gramegna vereedegt, obwuel si nach de facto net an der Chamber souzen, mä elo gewielt goufen. Si si fir den Ament an der Regierung a ginn also net assermentéiert.

7 Käpp sinn de 14. Oktober komplett nei gewielt ginn: Bei der DP ass dat eenzeg an eleng de Pierre Gramegna, bei der LSAP den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana, bei der CSV den Escher Buergermeeschter Georges Mischo an den Newcomer Paul Galles, bei deene Grénge Claude Turmes a François Benoy, Carole Dieschbourg a Charel Margue, bei der ADR de Jeff Engelen an natierlech déi 2 komplett nei Gesiichter vun de Piraten, de Marc Goergen an de Sven Clement.

RESULTATER: Esou gouf gewielt.

Vun dëse Käpp dierften oder kéinten et Turmes an Dieschbourg sinn, déi an der Regierung dobäi sinn, grad wéi de Pierre Gramegna, sou dass also nees nogeréckelt gëtt an Empain, Kox a Berger déi sinn, déi dann nei wäerte mussen assermentéiert ginn - iwwerhaapt réckelen nach esou munch Kandidaten no, an net där Geréngster - och wann et fir eng Partie vun hinnen awer batter ass, fir net mam éischte Coup gewielt ginn ze sinn. Beispiller:

D'aktuell Regierungsmembere Closener, Mutsch a Marc Hansen, grad wéi d'héichrangeg placéiert Partei-Politiker Lamberty, Berger, Zeimet, Kmiotek, Haagen a Cruchten.

Dat ass batter a fir Verschiddener fänkt en neit Liewen un - mä duerch hir Experienz an de Knowhow dierfte si sécher a séier e neie Beruff an eng nei Beruffung fannen.

Et gëtt also faarweg interessant en Dënschdeg de Mëtteg am nei-renovéierte Plenièressall vun der Chamber, wou sech al an nei Polit-Huese wäerte gesinn - ugefouert vum Doyen Gibéryen zesummen mat Sven Clement a François Benoy, mä ouni laangjäreg Deputéiert wéi Brasseur, Meyers, Loschetter, Oberweis, Krieps an Negri, déi sech dem Wielervott net méi gestallt haten.

Op den Dag vun haut ginn et nëmmen eng Dose Fraen an der Chamber, wat sécher schappeg ass, vun der Zuel hir, mä et gëtt jo nach nogeréckelt an Déi Lénk hunn de Rotatiounsprinzip. Och déi jonk Politiker si rar geséit um Krautmaart - d'Altersmoyenne läit knapp iwwer 52 Joer, nëmme 7 Volleksvertrieder si manner al wéi 40 Joer.

Interessant nach ze notéieren, dass 33 vun de 60 gewielte Politiker och e gemengepolitescht Mandat hunn, eleng 17 vun dëse Leit sinn CSV-Memberen - mä an dësem Punkt hunn déi dräi fréier an och vläicht nei Regierungskoalitionäre wëlles, d'Spillreegelen ze änneren an op d'mannst driwwer "nozedenken", wéi d'Mandat vum "député-maire" soll iwwerschafft ginn. Ob och d'iwwerfälleg Reform vum Walgesetz an Ugrëff geholl gëtt, dierfte mer gewuer ginn, wann d'nei Regierung steet - ob dat virun oder no Kleesechersdag ass, wësse mer net, de komplette Koalitiounsaccord muss mol nach negociéiert ginn.




Walen 2018


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.