FOTOEN a VIDEO - Nei TechnikDe Chantier vun der Chamber ass ofgeschloss

Et gouf vill geschafft um Krautmaart, wéi zum Beispill iwwer 20 Kilometer Kabele gezunn, fir eng zäitgeméiss Technik z'installéieren.

En Dënschdeg war d'Rentrée an der Chamber, eng Premiere fir déi néi Deputéiert, ma och fir déi fuschnei Technik vu Chamber TV, déi an de leeschte Méint agebaut gouf.

Den Zäitraum war knapp, bannent 3 Méint huet den historeschen Hotel de la Chambre op den neisten Stand vun der Technik misse bruecht ginn, an den Zäitplang ass opgaangen. Zanter en Dënschdeg de Mëtteg 14.30 Auer un iwwerdréit Chamber TV am HD.

Ënnert anerem déi al Regie an d'Kamerae goufen ersat. No 20 Joer an 1.200 Iwwerdrounge krut ee keng Ersatzdeeler méi. Anengems gouf awer och dovu profitéiert, déi ganz Informatik opzebesseren a Glasfaserreseauen ze leeën. Donieft gouf et och den noutwennege Changement a punkto Riednerpult, dat ass elo och fir Rollstullfuerer accessibel.

De ganze Projet ass pénktlech fäerdeg gi fir déi parlamentaresch Rentrée, wéi albekannten an nei Volleksvertrieder hir éischt Seance an der Chamber haten. De Budget vun ëm déi 3 Milliounen Euro gouf dobäi agehalen, et läit ee knapp ënner 2,5 Milliounen Euro.

De Chantier vun der Chamber ass ofgeschloss (30.10.2018)
Et gouf vill geschafft um Krautmaart, wéi zum Beispill iwwer 20 Kilometer Kabele gezunn, fir eng zäitgeméiss Technik z'installéieren.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.