E Mëttwoch e MoienEt war deels spigelglat op eise Stroossen

Nom éischte Schnéi um Dënschdeg an Temperature knapp iwwer 0 Grad an der Nuecht, war et deels gutt glat op eise Stroossen.

Den Accident op der Héicht vum Rondpoint Serra.© RTL Mobile Reporter
E Mëttwoch de Moien huet ee besser de Fouss vum Gas ze huelen a genuch Ofstand anzehalen, plazeweis ass et nawell fatzeg glat op eise Stroossen. A sou munchen Automobilist gouf vun deene Konditioune béis iwwerrascht.

Et huet och net laang gedauert an déi éischt Accidenter goufe gemellt, eleng 2 Mol am Raum Wandhaff.

Op der N6 am Rondpoint Wandhaff krute sech géint 6.30 Auer 2 Ween ze paken. Zäitgläich hat et och vum Rondpoint Wandhaff Direktioun Garnech gerabbelt. Do waren 2 Camionen an 3 Autoen am Coup, dat op der Héicht vun der Autobunnsopfaart fir op d'Areler A6.

Ee weideren Accident gouf et och kuerz virum Rondpoint Serra um Kierchbierg, wann ee vun der A1 kënnt an an den Tunnel wëll fueren an nach emol geknuppt, hat et vun der N7 erop op de Kierchbuerg. Do krute sech e Camion an e Bus ze paken.

Vum ACL ass et dann och de Message: Passt äre Fuerstil dem Wieder un!

METEO: De Schnéi war um Rendez-vous

Am Lokale mellt den 112 nach zwee Accidenter op eise Stroossen zanter en Dënschdeg den Owend. Géint 22 Auer hat et zu Mamer an der Route de Holzem gerabbelt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Géint 22.45 Auer war een Auto zu Esch an ee Bam geknuppt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.