VIDEO: D'Reilander Lann gouf 250 Joer alSauvegarde du Patrimoine a Gemeng fuerdere besser Opklärung vum Kulturministère

Ee Lieserbréif hat d'Nouvelle de leschte Mount annoncéiert.

Hei de Lieserbréif

Lann/Reportage Monique Kater



D'Lann bei der Kapell zu Reiland ass fort, ëmgehaen, während am Duerf nieft der Haaptstrooss eng nei Strooss gebaut gëtt. Wann eng Lann um "Inventaire Supplementaire" vum Kulturministère steet, ass se awer 1. national geschützt, an däerf 2. op kee Fall einfach esou, an ouni ze froen, ewechgemaach ginn. An der Gemeng Hiefenech ass awer genee dat geschitt, mat der Konsequenz dass de Kulturministère elo beim Parquet eng Denonciatioun agereecht huet.



Deen hei steet op der Schanz beim Kierfecht, e Bam wéi aus dem Billerbuch, iwwer 100 Joer al wier en, soen d'Leit vun hei, sou vun nom Krich. Deen aneren, e puer Kilometer ewech, stoung emol eng Kéier – zu Reiland, bei respektiv widder der Kapell, an dat fir carrement 250 Joer: manner Flantes, méi kleng flappeg war dës Lann, mee awer op der Lëscht vun de bemierkenswäerte Lëtzebuerger Beem, an anengems ënner nationaler Protektioun!

Sauvegarde du Patrimoine a Gemeng fuerdere besser Opklärung (03.11.2018)
Ee Lieserbréif hat d'Nouvelle de leschte Mount annoncéiert.


Bis déi dach awer ferm ugeschloen al Dame, leschte Mount, gefall ass, während Aarbechten un der Strooss, an ouni den Accord vum Kulturministère.

De Jochen Zenthöfer, Vizepresident Sauvegarde du Patrimoine, seet, datt dës Aktioun Suittë misst hunn.

De Jérôme Seiler, Buergermeeschter vun Hiefenech, sot, datt een effektiv déi Demande ganz kuerzfristeg behandelt huet, amplaz déi regulär 30 Deeg Zäitraum virdrun anzehalen. Hie steet awer zu der Decisioun, hien ass vun hei a kennt de Bam, an huet en och gesi krank ginn. Eng Bamdoktesch hätt sech dësen ugekuckt, hir Conclusioun war kloer: besser probéieren en neie Bam unzekréien an wuel och mat e Grond fir dat, wat – iwwregens virun de Wahlen – gemaach gouf.

Et hätt een zwar nogekuckt, ma de Bam néierens bei den "Arbres remarquables" erëmfonnt. Vergiess gouf awer fir op den "Inventaire supplémentaire" kucken ze goen.



Eng Decisioun zesumme mat der Forstverwaltung, präziséiert de Buergermeeschter, also vu Gemeng a Fierschter. Och vun där Säit géif sech dee Fall hei genee ugekuckt, heescht elo och aus dem Environnement.

D'Lann wier an der Zäit e richteg schéine Bam gewiescht, den Haaptpunkt vu Reiland. Kee Verglach mat deem Stamm, deen elo nach do gestanen hätt. D'Kapell, un där d'Wuerzele vun der Lann sech op der enger Säit ugehalen hunn, ass bis elo net protegéiert, mee doriwwer géif den Ament grad mam Proprietären diskutéiert. Well d'Plaz do ganz nei gemat gëtt, kéint d'Gemeng sech em den Entretien bekëmmeren, un dat erënneren, wat do stoung, seet de Buergermeeschter vun Hiefenech an dementéiert, dass de Patrimoine hinnen egal wier a bis elo war. Wat haut vun der Lann iwwreg bleift, ass 3 mol näischt, well och de Versuch, e jonke Schotz vum Bam unzekréien, net reusséiert ass.

D'Gemeng Hiefenech schafft den Ament nach um PAG a wäert oppassen, dass esou eppes wéi dat hei, esou séier net méi virkënnt.

Lieserbréiwer: Sauvegarde du Patrimoine fordert Geldstrafe für Schöffenrat
Nach dem Abriss einer seit 1974 national denkmalgeschützten Linde in Reiland (Heffingen) fordert „Sauvegarde du Patrimoine asbl" strafrechtliche Ermittlungen der Staatsanwaltschaft. In der Folge müsse es für den Schöffenrat der Gemeinde eine Geldstrafe geben. Dem Schöffenrat ist die Tätigkeit desjenigen, der den imposanten Baum gefällt hat, zuzurechnen. Es liegt ein Organisationsverschulden vor. Das Denkmalschutzgesetz stellt den unerlaubten Abriss von national geschützten Objekten unter Strafe (Artikel 41, Dispositions pénales: Geldstrafe oder Gefänfnisstrafe bis sechs Monate).

Hei d'Lann virun hirem Enn.

„Die Zerstörung der majestätischen Linde erfüllt uns mit Trauer und Entsetzen", sagt der Vizepräsident der Vereinigung „Sauvegarde du Patrimoine", Jochen Zenthöfer: „Ist es ein Zufall, dass die Zerstörung genau jetzt erfolgte, in den Wirren von Wahlen und Koalitionsverhandlungen? Das Kulturministerium muss nun, als Aufsichtsbehörde, Ermittlungen bei der Staatsanwaltschaft in Gang setzen. Das Gesetz sieht Strafen für solche Fälle vor, das Gesetz muss vollzogen werden. Das hat auch generalpräventive Gründe: Heffingen darf sich nicht wiederholen! Staatssekretär Guy Arendt ist nun gefragt – auch wenn er derzeit nur geschäftsführend im Amt sein sollte!"



Ein Leserbrief von Georges Bechet hatte auf RTL.lu zuerst auf das Desaster hingewiesen.

Der Baum wurde im 2002 erschienenen Buch „Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg" (ANF a natur musée) vorgestellt und abgebildet. Die Linde ist vermutlich im Jahr 1760 von einer Braut gepflanzt worden, die im Bauernhof nebenan geheiratet hatte. Die Linde hat Hungersnöte und Weltkriege, Zerstörungen und Stürme überlebt – nicht aber den Schöffenrat von Heffingen im Jahr 2018.

„Wir fordern von Kulturstaatssekretär Guy Arendt, dass er eine Sensibilisierungskampagne bei Gemeinderäten, Schöffen und Bürgermeistern startet, damit die denkmalgeschützten Objekte auch faktisch erhalten bleiben", so Jochen Zenthöfer.
AUSZUG aus der nationalen Schutzliste:

„Immeubles et objets inscrits à l'inventaire supplémentaire: H e f f i n g e n:

- Le tilleul (Tilia sp.) poussant au N-E de Reuland, près de la chapelle, inscrit sous le numéro cadastral 424. Arrêté ministériel du 29 mars 1

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.