VIDEO - Unicef-Challenge1000 nei "Global Parents" bannent zwou Wochen

RTL hëlleft der Lëtzebuerger Branche vum Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen, fir nei "global Elteren" ze fannen.

Unicef: 1000 nei "Global Parents" gesicht! (05.11.2018)
RTL hëlleft der Lëtzebuerger Branche vum Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen, fir nei "global Elteren" ze fannen.
Wann ee "Global Parent" gëtt, ënnerstëtzt een d'Unicef laangfristeg duerch e bestëmmte Montant all Mount: 15, 30 oder 52 Euro, fir Kanner an den 1.000 éischten Deeg vun hirem Liewen ze begleeden.

Duerch esou en Engagement, kann d'Hëllef besser geplangt a koordinéiert ginn. Umelle geet ganz einfach op unicef.lu.

UNICEF.LU: Méi Infoen um Site vun Unicef.




Wie 15 Euro de Mount spent, hëlleft am Beräich Gesondheet:

Santé et vaccination: 0,50 € par jour ou 15 € par mois, permettent de vacciner 276 enfants contre la polio – une protection à vie contre cette paralysie infantile.

Wien 30 Euro de Mount spent, schenkt dee ganze Mount laang Iessen:

Nutrition: 1 € par jour ou 30 € par mois, permettent de traiter un enfant malnutri pendant un mois avec de la nourriture thérapeutique.

Wien 52 Euro de Mount gëtt, gëtt 100 Mënschen Drénkwaasser fir ee ganz Mount:

Assainissement: 1,74 € par jour ou 52 € par mois, procurent des comprimés de purification d'eau à 100 personnes, grâce auxquelles elles peuvent transformer de l'eau insalubre en eau potable pendant un mois.



Unicef Luxembourg an RTL Lëtzebuerg wëlle bannent zwou Wochen 1.000 nei "Gobal parents" fannen, fir doduerch 1.000 Kanner e bessert Liewen z'erméiglechen an hinnen nei Perspektiven ze offréieren.

COMMUNIQUÉ
PDF: D'Schreiwes vun der Unicef.

D’Global Parents ënnerstëtzen net nëmmen all Mount 1 Kand mä, eng sëlleche Kanner aus der ganzer Welt.

Wat hutt Dir haut gemaach ?

Mam Slogan « Wat hutt Dir haut gemaach ? » maachen d’Global Parents nämlech regelméisseg en Opruff bei de Leit dobausse, datt si dës Initiativ ënnerstëtze sollen, fir esou de Kanner aus der ganz Welt ze hëllefen.

Fir nei Global Parents ze fannen, wäert d’UNICEF, mat der Ënnerstëtzung vu ganz RTL, hir Aktivitéiten haaptsächlech op dës Initiativ konzentréieren.

Déi Leit, déi sech der Famill vun de Global Parents uschléisse wëllen, kënnen nach bis 17. November d’Leit vun der UNICEF an dem Cactus Belle Etoile, Nidderkäerjeng, Maarnech, Houwald, Angelduerf, Réiden, Miersch a Beetebuerg treffen.

Wéi gëtt ee Global Parent ?

  • Dir rufft um 20 60 20 80 un, fir duerch déi ganz Prozedur geleet ze ginn
  • Dir gitt op unicef.lu
  • Mat den Ekippe vun der UNICEF, déi ënnerwee sinn

Unicef: Global Parents an Ethiopien (06.11.2018)
Zwou Donatrice kucke sech un, wat mat hire Sue passéiert.