Parlamentaresch FroDe Ministeren no keng Info iwwert ee Momo-Challenge zu Lëtzebuerg

An hirer Äntwert reagéieren d'Ministere Braz, Meisch a Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Taina Bofferding iwwert de Momo-Challenge zu Lëtzebuerg.

© Marine Schneider

An der Belsch zu Bertrix soll sech ee Bouf vun 13 Joer ëmbruecht hunn, nodeems en un der Momo-Challenge participéiert hätt. Dat ass op jidder Fall dat, wat an de belsche Medien an och op de soziale Netzwierker d’Ronn mécht. Mä wat huet et mat deem Challenge an deem Kettebréif, deen an der Haaptsaach géif iwwert WhatsApp zirkuléieren, op sech? Dat wollt d’LSAP Politikerin Taina Bofferding an enger parlamentarescher Fro wëssen. Geäntwert hunn d’Ministere Claude Meisch, Etienne Schneider a Felix Braz.

Momo Challenge / Reportage Nadine Gautier

Mir hu keng Informatiounen iwwert ee Momo Challenge an och net iwwert ee Kettebréif, esou heescht et bei der BeeSecure Helpline. Et wéisst een och net, wat dat Spill vun Challenge géif beinhalten. A genee déi selwecht Richtung geet d’Äntwert vun den zoustännege Ministere Schneider, Braz a Meisch. De Phenomen “Momo” géif keng extraordinär Gefor duerstellen, vill méi géif een hei vun engem Hoax ausgoen. Dat heescht vun enger Falschmeldung, déi keng seriéis Sourcen hätt, an dacks an engem Toun vu Panik geschriwwe wier, fir d’Leit och dozou ze verleeden, d’Falschmeldung weiderzeschécken. D’Angscht, déi dorausser resultéiere kéint, wier awer reell.

Wéi gesot ass bei der Helpline vu BeeSecure nach keen Appell iwwert d’Momo Challenge erakomm. Dat heescht awer net, datt keng Leit, déi eppes doriwwer an der Press gelies hätten, ugeruff hätten, fir sech iwwert de Phenomen z’informéieren.

Am August hate sech awer Eltere bei eis gemellt, wou och Kanner zu Lëtzebuerg mam "Momo Challenge" konfrontéiert gi waren. Si haten de Virfall deemools bei der Police gemellt.

D’Ministeren erënneren dann och, datt esou Challengen wéi “Momo” ëmmer nees um Internet opdauchen. Esou wéi schonn d’"Blue Whale"-Challenge. Dofir ass et ëmsou méi wichteg déi Jonk iwwert esou Phenomener opzeklären a fir falsch Noriichten ze sensibiliséieren. Ronn 900 Formatioune proposéiert BeeSecure am Joer am Grand-Duché, ronn 800 dovunner sinn a Lycéeën an an der Grondschoul. Wat d’Verbreede vun engem Hoax ugeet, erklären d’Ministeren, datt déi keng Strofdot duerstellen.

Ob de Selbstmord vum 13 Joer ale Bouf an der Belsch, engem Jugendlechen a Frankräich, an zwee Jonken an Argentinien op de Momo Challenge zeréck ze féieren sinn, esou wéi d’Elteren dat an den eenzele Fäll behaapten, bleift also weider ze klären.