FOTOEN - Éischt Beem fortGréng Luucht fir den Tronçon B vun der Unesco

D’Unesco huet Feu vert gi fir den Tronçon B vum Tram, d.h. ass d’accord mat de Pläng vu Luxtram, wat déi ganz Unesco-Zon bis d’Paräisser Plaz mat ugeet.

Wéint engem technesche Problem gouf um Méindeg den Owend d'Operatioun vun der Transplantatioun vu Beem an der Neier Avenue geréckelt.

En Dënschdeg den Owend sinn dunn déi éischt Beem fortkomm.

Tram-Beem an Unesco-Decisioun: Reportage Monique Kater
Interview mam Robert Philippart, deen an der Lëtzebuerger Kommissioun responsabel ass fir déi sensibel Deeler vun der Stad.



Nei Avenue: Nuets-Trip an d'Fräiheet (07.11.2018)
Vun Enn 2020 u soll den Tram dann op dësem neien Deelstéck fueren, dat ouni Uewerleitungen a mat 4 neie Statiounen.


D'Preparatiounsaarbechten haten déi lescht Woch ugefaangen, en Deel vun de Beem gëtt jo op enger anerer Plaz nees ageplanzt.

© Olidom Multimedia


Et sinn 10 Beem, tëscht dem fréieren Arbedsgebai an der Spuerkeess, déi op Uespelt laanscht Vëlospist gesat ginn.

Eng spezialiséiert Firma aus Bayern mécht d’Aarbechten. Hir Maschinn war futtigefuer, well de Buedem ënnert dem Bëtong ze dréchen - ergo steenhaart - war, well et och net genuch gereent hat an d’Maschinn dofir schlecht an de Buedem koum.

All déi aner Beem, op béide Säite vun der Avenue, kommen ewech elo no a no am November.

D’Zil ass et, 2 mol 5 Beem - Platanen - op Uespelt ze féieren an direkt an de Buedem ze setzen.

D'Aarbechte hunn um Dënschdeg den Owend um 22 Auer nees ugefaangen, bis 6 Auer e Mëttwoch de Moien. E Mëttwoch um 22 Auer geet et da weider.



Vun Enn 2020 u soll den Tram dann op dësem neien Deelstéck fueren, dat ouni Uewerleitungen a mat 4 neie Statiounen.

Wann all d'Aarbechte fäerdeg sinn, ass geplangt, nei Beem an der Avenue de la Liberté ze planzen

Hei d'Schreiwes vum Kulturministère
L'UNESCO donne feu vert au "tronçon B du tram"

Communiqué par: ministère de la Culture

Dans sa réunion du 7 novembre 2018, le Comité de gestion de l'UNESCO Site Management « Ville de Luxembourg, vieux quartiers et fortifications » a pris connaissance de l'avis rendu le 6 novembre courant par le Centre du patrimoine mondial auprès de l'Organisation des Nations Unies pour l'éducation, la science et la culture (UNESCO) concernant l'aménagement du « tronçon B » du tram. Celui-ci traverse la zone tampon de l'UNESCO entre la place de Bruxelles et la place de Paris.

L'UNESCO note qu'« il n'y a aucun inconvénient à la prolongation d'un tramway vers la gare dont les rames n'encombrent pas plus le paysage que les autobus ou les automobiles. C'est au contraire un progrès dans la vie urbaine ». Le Conseil International des Monuments et des Sites (ICOMOS) qui a examiné le projet pour le Centre du patrimoine mondial « ne peut par ailleurs que souscrire aux recommandations de la Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO. Sous les mêmes réserves que cette commission, l'organisation consultative ne formule aucune observation complémentaire sur ce projet. »

Satisfait par cette réponse, le Comité de gestion continuera à suivre de près l'évolution du chantier du tram sur le site du patrimoine mondial a précisé Simone Beck, la Présidente de la Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO à la sortie de la réunion du Comité de gestion.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.