HandwierkerfederatiounSoll d'Léier nach ënnerstëtzt ginn?

Mat Bléck op d'Koalitiounsverhandlunge mécht d'Handwierkerfederatioun de Point, kuckt zeréck an no vir.

Den Haaptproblem am Handwierk ass de Manktem u Main d'oeuvre, ënner anerem eng inadequat Formatioun wier dorunner Schold. Esou d'Handwierkerfederatioun, déi Reforme verlaangt.

Handwierkerfederatioun/Reportage Pit Everling



Datt d'Betriber d'Leit forméieren, fir datt de Staat hinne se duerno ewech hëlt, domat hätt een es definitiv genuch, heescht et weider vun der Fédération des artisans. Déi puer Léierbouwen a Meedercher, déi et nach packen, ginn eis ewechgeholl, seet d'Fédération des artisans. Den Ament gëtt bei de Memberen eng Enquête gemaach, fir erauszefannen, ob déi Formatiounen an Zukunft iwwerhaapt nach solle begleet ginn.

De Staat géing méi interessant Konditioune bidden, net just bei der Pai, mä och bei der Simplicitéit. De President vun der Handwierkerfederatioun Michel Reckinger betount, dass ee sech misst d'Fro stellen, ob een dëse System mat der Léier nach wéilt ënnerstëtzen, wann een d'Leit sou wéi sou net bei sech hale kéint.

D'Formation professionelle initiale wier en absoluten Echec, d'Orientatioun an de Beruff wier inexistent, et géing mordicus drëm goen, de Leit Diplomer ze ginn, op Käschte vun der Qualitéit.

D'Formation professionelle sollt d'Kompetenz vum Aarbechtsministère ginn an net wéi bis ewell dem Educatiounsministère ënnerstoen, sou nach d'Handwierkerfederatioun.

E weidert grousst Thema dann: d'Aarbechtszäiten. Do géing nawell vill gefuerdert ginn, esou den Direkter Romain Schmit. Ënnert anerem fuerdert een eng 38-Stonne-Woch, 6 Woche Congé, flexibel Aarbechtszäiten, den Droit au temps partiel, Congée parentale an nach méi. Weider wier hire Constat, dass wann dëst net géif begleet gi vun däitlech méi Flexibilitéit, da wier dat déidlech.

Déi Mesurë missten och finanzéiert ginn an déi ekonomesch Perspektive wiere vläicht awer net sou sécher, wéi den Ament gemengt gëtt. All déi Formen, wou de Legislateur géing soen: "mir maachen hei nach e bëssen an do nach e bëssen", dat géing dem Betrib nëmme méi Desorganisatioun bréngen, esou nach de Romain Schmit. Dat heescht: All Moossnam, déi mat "manner schaffen" verbonne wier, géing jiddefalls Organisatiounsproblemer bei de Betriber mat sech bréngen.

D'Handwierkerfederatioun proposéiert, datt an de Betriber selwer mat den Delegatiounen negociéiert gëtt an datt iwwer nei Schaffmodeller nogeduecht gëtt. Eng Iddi wier, datt Patrone sech Salariéë géingen deelen oder nach d'Schafe vun engem Pool mat Remplaçante fir e Secteur.

Laang a komplizéiert Prozedure géingen dem Handwierk d'Liewe schwéier maachen, vum TGV-Gesetz hätt ee bis ewell net vill gesinn. D'Gemenge sollte mat de PAGe virumaachen. Fir d'Aktivitéitszone wieren d'Reegele vill ze streng, esou nach aner Suerge vun der Fédération des artisans.

A punkto Logement wier et evident, datt déi ëffentlech Acteuren der Demande net kéinten nokommen, dofir sollt d'Politik verstäerkt op den Dialog mam Privatsecteur setzen.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.