Fëmmverbuet TerrassenGéigepetitioun kéint och duerchkommen, Debat réischt Dezember-Januar

Zwou Petitioune sti sech jo do den Ament géintiwwer. Déi, déi e Fëmmverbuet verlaangt, koum mat ronn 4.650 Stëmme knapp duerch.

Soll an Zukunft nach op Restaurant-Terrassen dierfe gedämpt ginn oder net?

D'Géigepetitioun krut déi 4.500 Stëmmen online zwar sou just net beieneen, et goufen awer eisen Informatiounen no eng 700 schrëftlech Ënnerschrëften deposéiert, mat deene sech fir e Bäibehale vun der ablécklecher Situatioun agesat gëtt.

Ob och dës Petitioun et gepackt huet oder net, kann awer eréischt definitiv gesot ginn, wann déi parlamentaresch Petitiouns-Kommissioun eng nächste Kéier beieneen ass an dat geschitt eréischt, wann d'Regierung steet an d'Kommissiounen ernannt sinn.

Déi ganz Thematik huet jo fir vill Opreegung gesuergt. Den Auteur vun der Petitioun, déi e Verbuet freet, kann dat net novollzéien. Déi Leit, déi géingen oppassen, déi wiere jo vun dësem Gesetz net betraff, argumentéiert den Daniel Reding. Wann d'Fëmmerten all verstänneg wieren, hätt hie souwisou keng Petitioun bräichten ze deposéieren, ma vill Leit géingen ebe keng Récksiicht huelen.

Den Daniel Reding waart also lo op säin Debat a bedauert, datt d'Thema vu politescher Säit aus iwwerhaapt net opgegraff ginn ass.

Den Daniel Reding iwwer de Walkampf

Den Daniel Reding seet, datt hie sech allgemeng méi Ënnerstëtzung erwaart hätt, notamment vun Acteuren, déi am Beräich aktiv sinn, wéi zum Beispill d'Fondatioun Cancer, déi näischt ënnerholl hätt.

Den Daniel Reding iwwer mangelnd Ënnerstëtzung

Definitiv kee Support huet de Petitionnaire bei der Horesca fonnt. Der Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren wier e Fëmmverbuet op Terrassen en Där am Aen.

Fir de Generalsekretär François Koepp sollt d'Demande fir sou eng Moossnam vum Konsument kommen, ma eng Majoritéit vun de Cliente wéilt sou e Verbuet net.

De François Koepp um RTL-Mikro



De Staat misst net iwwerall agräifen, ma sollt dat do maachen, wou et och wichteg wier, sou nach de François Koepp.

Sollt d'Petitioun, déi fir de Status Quo plädéiert, validéiert ginn, dat gëtt et een Debat public, wou déi zwou Petitiounen noeneen un d'Rei kommen.

Well awer d'Formatioun vun der Regierung muss ofgewaart ginn, dierft et bis den Dezember/Januar daueren, bis de bloen Damp um Krautmaart nees zum Thema gëtt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.