CGFP vs SpuerkeessProtestpiquet virum Haaptsiège vun der Spuerkeess de 27. November

Scho viru kuerzem hat d'CGFP annoncéiert, datt, wann ee sech net eens géif ginn, et zu gewerkschaftlechen Aktioune kéint kommen.

Protestpiquet virum Haaptsiège vun der Spuerkeess (07.11.2018)
Scho viru kuerzem hat d'CGFP annoncéiert, datt, wann ee sech net eens géif ginn, et zu gewerkschaftlechen Aktioune kéint kommen.
Zanter 2015 gëllt e Gesetz, dat no der Interpretatioun vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP automatesch Befërderungen an der Fonction Publique virgesäit, dat wier awer bei der Spuerkeess esou net ëmgesat ginn.

CGFP vs Spuerkeess/Reportage Ben Frin



Schonn Enn Oktober war den Echec vun der Mediatioun virauszegesinn, well d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP wëlles hat, d'Propositioun vum Mediateur ze verwerfen. Dat nämlech, well de Mediateur eben déi Positioun géif anhuelen, wéi d'Regierung, a guer net op d'Fuerderunge vun de Gewerkschafte géif agoen. Haaptknackpunkt sinn d'Automatisme bei den Avancementer vun de Karriären.

D'Onzefriddenheet beim Spuerkeesspersonal wier grouss, seet de Georges Dennewald President vun der Spuerkeess-Personalvertriedung. Et wieren eng Rei Leit, déi net méi zefridde wieren an do wieren der schonns e puer déi gaange wieren an anerer géinge sech Gedanke maachen, ob se net och goe sollen.

De Georges Dennewald

Eng ronn 1000 Mataarbechter wiere bei der Spuerkeess betraff, d'CGFP fuerdert, dass déi hir Befërderung dann och elo kréien. Et wéilt een elo, dass dat GEsetz vun 2015 géing applizéiert ginn. Do wiere Leit dobäi, déi schonns zanter 15 an 20 Joer e gudden Déngscht leeschten an déi hätten ee Recht op dës Befërderung.

Dëse Mëttwoch huet sech de Comité Fédéral vun der CGFP gesinn, fir eben ënnert anerem iwwert esou Aktiounen ze diskutéieren. Do gouf decidéiert, datt de Protestpiquet en Dënschdeg de 27. November um 12.30 Auer virum Siège vun der Spuerkeess op der Metzerplaz an der Stad wier.

D'Conciliatioun ass schifgaangen, d'Mediatioun wier eesäiteg a Richtung vun der Regierung gaangen, a wier dowéinst vun der CGFP net ugeholl ginn. Déi Propositioun, déi de Mediateur gemaach hätt, déi hätt der Regierung natierlech gefall.

D'Regierung léisst vu Säite vum Finanzministère ausriichten, dass si géife bedaueren, dass d'Mediatiounsoffer net ugeholl gouf, déi wier nämlech an hiren Aen equilibréiert gewiescht.

© AFP (Archiv)


PDF: De Communiqué vun der CGFP