VIDEO a FOTOEN: Grande-Duchesse am LibanonRéckbléck op eng emotional Rees

D'Grande-Duchesse Maria Teresa war kierzlech am Libanon, dat awer net an hirer Funktioun als Grande-Duchesse.

Am Kader vun engem Forum géint sexuell Gewalt a Krichsgebidder, dee si d'nächst Joer am Mäerz hei zu Lëtzebuerg organiséiert, war si an hiren Ambassadeursfunktioune vun Unesco an Unicef - an als Presidentin vun hirer Fondatioun, op der Plaz, fir sech am Gespréich mat den Affer selwer a mat den Hëllefsorganisatiounen ee Bild dervun ze maachen, wou d'Hëllef am néidegsten ass.

De Libanon ass jo ee vun de Länner, wat am meeschte vun der Flüchtlingskris betraff ass an der Grande-Duchesse läit besonnesch d'Schicksal vun de Fraen, déi ënnert dem Syrien-Krich gelidden hunn, um Häerz.

Grande-Duchesse op humanitärer Auslandsrees am Libanon (07.11.2018)
D'Grande-Duchesse Maria Teresa war kierzlech am Libanon, dat awer net an hirer Funktioun als Grande-Duchesse.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.