WalsystemEt bleift wuel déi nächst 5 Joer bei de 4 Walbezierker

D'Diskussioun kënnt no Walen ëmmer nees erëm. Dës Kéier gouf a gëtt awer besonnesch intensiv iwwer de Walsystem diskutéiert.

Gi Walsystem a Walbezierker op de Leescht geholl?© RTL Archivbild
Ass sech also eppes am Koalitiounsaccord vun der nächster Legislatur a puncto Walbezierker, Reschtsëtzverdeelung a Vollzäitbuergermeeschter z'erwaarden? D'Claude Zeimetz huet sech bei den dräi potenzielle Regierungspartner ëmhéieren ...

Walbezierker a Walsystem: Reportage Claude Zeimetz



... an do war bei deene Gréngen, déi an hirem Walprogramm vun deenen 3 am meeschten op den eenheetleche Walbezierk gedréckt hunn, direkt emol guer näischt gewuer ze ginn.

Alex Bodry an Eugène Berger, déi d'LSAP an d'DP am zoustännegen Aarbechtsgrupp vertrieden, waren do scho méi gespréicheg. Well et gouf a gëtt am Aarbechtsgrupp, dee sech ënnert anerem mat den Institutioune beschäftegt, effektiv iwwert de Walsystem an d'Walgesetz diskutéiert. D'Diskussioune sollen a priori virun der nächster Plenière e Mëttwoch ofgeschloss sinn an de Wëlle wier bei deenen dräi do, virunzekommen. All ze vill Konkretes wäert am Koalitiounsaccord awer net drastoen, wann een dem liberale Vertrieder nolauschtert.

Den Eugène Berger géif et als kontraproduktiv ugesinn, wann déi 3 Parteie scho konkret soe géifen, wat um Enn soll erauskommen, hei bräicht een e breede Konsens iwwer déi 3 Koalitiounsparteien eraus.

Et schéngt awer elo scho méi wéi sécher, datt et an den nächste 5 Joer bei den aktuelle 4 Bezierker bleift. Dës Fro ka just via Verfassungsännerung adaptéiert ginn. Déi dräi Parteie sinn awer net weider gewëllt, de proposéierten Text vun der Verfassungsrevisioun nach emol opzemaachen.

De President vun der leschter Verfassungskommissioun Alex Bodry warnt viru weiderem Zäitverloscht: Wann een elo eng Fro nees géif opmaachen, da wéilten anerer anerer nees opmaachen an dat kéint dann nees zu jorelaangen Diskussioune féieren.

Dem Alex Bodry no wier och schonn an der leschter Legislatur iwwert den eenheetleche Walbezierk diskutéiert ginn. Déi Diskussioun wier awer um Desaccord vun CSV an DP gescheitert. An un där Positioun huet sech, wéi et ausgesäit, bis haut näischt geännert.

Bleift also just nach d'Méiglechkeet, fir d'Walgesetz z'adaptéieren. Och hei striewen déi dräi Parteien e méiglechst breede Konsens un. D'Adaptatioune solle mat qualifizéierter Majoritéit gestëmmt ginn, sou den Eugène Berger.

Datt d'Walgesetz nach emol moderniséiert soll ginn, ass och ganz am Sënn vun de Sozialisten. Déi lescht punktuell Ännerungen hätten zu e puer Ongereimtheete gefouert, esou den Alex Bodry.

D'Debatt gëtt deemno an d'Verfassungskommissioun verlagert. Déi da wuel och iwwert de Vollzäitbuergermeeschter diskutéiert. Och hei "ergebnisoffen", wéi et sou schéin heescht. Domadder léisst ee sech als Politiker all Dieren op.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.