Am LokalenBus zu Steesel an e Rampli gerannt, 7 Persoune blesséiert

Wéi de CGDIS mellt, gouf et e Mëttwoch den Owend kuerz no 22 Auer en Accident mat engem Bus.

© RTL Archivbild

Zu Steesel war de Bus an e Rampli gerannt. Siwe Persoune goufen dobäi liicht blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Lëntgen an aus der Stad, sou wéi d'Pompjeeë vu Steesel an d'Police.

Bei engem weideren Accident, och kuerz no 22 Auer op der A4, op der Héicht vun Esch, gouf et och ee Blesséierten. Do hate sech ze Autoen ze pake kritt.

Accidenter um Donneschdeg 
En Donneschdeg de Moien gouf et nach am Ganze 4 Accidenter mat all kéiers engem Blesséierten.

Tëscht Éiter a Kanech ass géint 7 Auer en Automobilist bäigaangen. Tëscht Feelen an Heischent si kuerz virun 8 Auer zwee Ween kollidéiert.

Eppes méi spéit sinn op der Escher A4 a Richtung Lëtzebuerg en Auto an e Camion anenee gerannt. an zu Hamm an der Rue des Pruniers war et eng weider Kollisioun tëscht zwee Autoen.