Dikrecher GeriichtHenri Roemer an Affär vu Schwaarzaarbecht fräigesprach

Den Henri Roemer gouf en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht, zesumme mat engem anere Mann, an enger Affär vu Schwaarzaarbecht fräigesprach.

Dem fréiere President vun der Futtball-Federatioun war virgeheit ginn, tëscht Mäerz an Abrëll zejoert e Mann an engem Appartementshaus schwaarz als Usträicher schaffe gelooss ze hunn.

Aus gesondheetleche Grënn war den Henri Roemer net fir säi Prozess ugetrueden.

Den anere Mann krut donieft reprochéiert, d'Usträicheraarbechten duerchgefouert ze hunn, ouni déi néideg Autorisation d'établissement ze hunn.

RTL NEWS: Henrie Reomer wéinst Affär vu Schwaarzaarbecht viru Geriicht