Caisse Médico-Complémentaire MutualistePrestatioune fir Membere ginn 2019 verbessert

Donieft huet d'CMCM eng App fir de Smartphone entwéckelt a wëllt an Zukunft méi mat der kommerzieller Assurancëgesellschaft Bâloise zesummeschaffen.

CMCM: Prestatioune fir Membere ginn 2019 verbessert (08.11.2018)
Donieft huet d'CMCM eng Smartphone App entwéckelt a wëllt an Zukunft méi mat der kommerzieller Assurancëgesellschaft Bâloise zesummeschaffen.
Neierunge bei der CMCM / Reportage Ben Frin



D'Assurancëgesellschaft Bâloise an d'Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste, CMCM, hunn e gemeinsame Problem, Betriber als Client ze gewannen ass schwéier: d'Bâloise ka keng Zousazkrankeversécherung ubidden an d'CMCM net déi traditionell Assurancen, dofir blëtzen déi zwee ze vill dacks bei Entreprise-Clienten of. Doduerch wëllt ee sech an Zukunft zesummendoen an da kann ee sech do ergänzen, sou de Fabio Secci, Generaldirekter vun der CMCM.

D'Zuele vun der CMCM wiere gutt a géifen ëmmer besser ginn, dofir gi vun 2019 un d'Prestatiounen eropgeschrauft, alles zesumme léisst d'CMCM sech dat ronn 3,5 Milliounen Euro d'Joer kaschten, déi gréisste Verbesserunge kritt een dobäi bei Brëller. Den Tarif op de Glieser geet pro Brëll ëm 50 Prozent an d'Luucht an dat vun 100 op 150 Euro. 


Fir sech ze moderniséieren, a mat der Digitaliséierung Schrëtt ze halen, huet d'CMCM eng nei App entwéckelt. D'Membere kënnen domadder hir Rechnung erareechen a gesinn dann och duerno wat mat der Rechnung geschitt ass, sou de Mario Chiapolino, operationellen Direkter bei der CMCM.

Déi App kann ee viraussiichtlech vun e Freideg u fir IOS an Android eroflueden. 250.000 Memberen zielt d'CMCM iwwregens de Moment, dat wieren also bal d'Halschent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung.

PDF: Schreiwes vun der CMCM

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.