Remuneratioune vu Kaderen zu LëtzebuergCarmignac Gestion am Viséier vun der franséischer Justiz

D'Societéit Carmignac Gestion ass ee vun de gréisste Verméigensverwalter an Europa an huet eng Filial hei am Land.

Édouard Carmignac© AFP

Wéi d'Zeitung "Le Monde" um Donneschdeg schreift, huet de franséische Finanzparquet viru 16 Méint schonn eng preliminär Enquête wéinst Steierhannerzéiung a Blanchiment vu Gelder aus Steierhannerzéiung géint Carmignac Gestion opgemaach.

Konkret am Viséier vun den Enquêteure sinn d'Remuneratioune vu verschiddene Kadere via Finanzkonstruktukter hei zu Lëtzebuerg.

De franséische Fisc stéiert sech drun, datt d'Gesellschaft dëse Mataarbechter Dividenden an engem Land bezuelt hutt, an deem d'Steierlandschaft méi favorabel ass wéi a Frankräich a se iwwert dee Wee also manner Steiere hu misse bezuelen.

Informatioune vum "Le Monde" no wiere bis ewell eng Dosen aktuell a fréier Kadere gehéiert ginn. Perquisitiounen hätt et awer nach keng ginn.

Carmignac Gestion wiert sech géint d'Reprochen. D'Praktiken, ëm déi et geet, wieren an der Zäit erlaabt gewiescht. Et géif sech ëm e renge finanztechneschen Debat handelen, deen ni penaliséiert hätt dierfe ginn.