Sozial InegalitéitenLénk: Gréng an LSAP musse weisen, wéi seriö et hinnen ass

Op enger Pressekonferenz hunn déi Lénk annoncéiert, datt een d'Koalitiounsverhandlungen tëscht LSAP, DP a Gréng kritesch géif begleeden.

© Sam Bouchon

Mir gesinn et als eis Aufgab, d'Koalitiounsverhandlunge kritesch ze begleeden, dat sot d'Carole Thoma vun déi Lénk en Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz, op där d'Partei hir Virschléi un déi zukünfteg Regierung duergeluecht huet.

Et ginn zwou grave Krisen, deene mer onbedéngt mussen entgéint wierken an do ass déi zukünfteg Regierung gefuerdert. Engersäits ass et déi ekologesch Urgence vum Klimawandel, déi politesche Wëlle verlaangt a wou Lëtzebuerg an den Ae vun déi Lénk e legale Kader fir d'Klimapolitik brauch. En aneren Defi, deen d'Partei gesäit, ass dee vun de sozialen Inegalitéiten. Et misst een där Kris entgéint wierken, an a Richtung vun enger Ëmverdeelung vun uewen no ënne goen. An deem Kontext géing een elo virun allem op d'LSAP kucken, seet d'Carole Thoma vun déi Lénk.

Extrait Carole Thoma



Am Verglach vun der Politik, déi d'LSAP gemaach huet, hat d'Partei e fortschrëttleche Walprogramm, dat mat der Erhéijung vum Mindestloun an der Aarbechtszäitverkierzung. Béides ass an den Ae vun déi Lénk néideg, well et net ze vertrieden ass, dat bal 14 Prozent vun de Leit, déi schaffen, net uerdentlech vun hirer Aarbecht liewe kënnen. An dobäi geet den Taux vun de Leit, déi de Mindestloun oder e bësse méi kréien, däitlech erop. Dofir misst dëse strukturell erhéicht ginn.

Et wier an den Ae vun déi Lénk den absolute Minimum,  datt d'LSAP hire Walprogramm ëmgesat kritt. Ouni Mindestlounerhéijung an d'Aféierung vun enger 6. Congéswoch hätt eng LSAP näischt an enger Regierung ze sichen, mengen déi Lénk.

Déi Lénk iwwer Koalitioun / Reportage Claudia Kollwelter





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.