Police-AsätzDéif verhaft, Bus beschiedegt

An der Avenue Monterey gouf e Bus muttwëlleg futtigemaach. An op der Areler Strooss gouf e Mëttwoch am Nomëtten e presuméierten Déif verhaft.

De Mann hat an engem Kleedergeschäft Gezei mat erausgeholl, ouni ze bezuelen. D'Sécherheetspersonal huet de Mann gestallt. Op Uerder vum Parquet gouf hie verhaft.

An der Stad an der Avenue Monterey gouf e Bus beschiedegt. Zwou Persounen hu vu bausse mat de Féiss widder déi hënnescht Dir vun deem Bus gerannt. Dono sinn dës mam Buschauffer uneneegeroden. Heibäi huet déi viischt Glace vum Bus Schued gelidden.

D'Männer sinn a Richtung Märel fortgelaf. Si konnten awer vun der Police lokaliséiert a gestallt ginn. D'Männer waren alkoholiséiert.