Planetary ResourcesSchneider bedauert, datt et net dee Succès war, wéi erhofft

Ma den Etienne Schneider hätt vun Ufank u gesot, datt ee misst mat Réckschléi rechnen, wann een an esou een neie Secteur wéi dem Space-Secteur investéiert.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Enn 2016 hat d’SNCI d'Gesellschaft Saam sarl gegrënnt an doriwwer 12 Milliounen € direkt a Planetary Resources investéiert, wat 10% vun de Parten ausgemaach huet. Zanter der Grënnung wieren awer just rout Zuele verbucht ginn, an et wiere keng Aarbechtsplaze geschaaft ginn. De Weekend war du gewosst, datt de Lëtzebuerger Staat net méi Partner vun der amerikanescher Space-Firma Planetary Resources ass.

Deemools, wou een an dës Firma investéiert hätt, hätt jidderee vun dëser geschwäermt. Dass dat sech elo net esou erausgestallt hätt, wär natierlech schued a géing engem wéi doen, ma op der anerer Säit géing de Beräich vum Space-Mining sech awer nach ëmmer formidabel weiderentwéckelen, sou den Etienne Schneider. 

Extrait Etienne Schneider (1)

Et géifen och weider vill Firmen a Start-Uppen op Lëtzebuerg kommen. Et hätt een iwwert 100 Interessenten an der Pipeline. Insgesamt hat ee sech fir de Space-Secteur e Budget vun 200 Milliounen Euro gesat, fir dee Beräich ze entwéckelen. Bis ewell huet ee 40 Milliounen investéiert. An och wann elo eng Investitioun schif gaangen ass, da géing een awer elo net um Secteur zweiwele loossen, sou nach den Etienne Schneider.  

Extrait Etienne Schneider (2)

E Freideg flitt den Etienne Schneider dann an d’USA an Texas, wou eng Konferenz mat de Spezialisten aus der Branche ass. Och mat Acteuren, déi schonn zu Lëtzebuerg sinn, mee och därer déi heihinner wëlle kommen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.