UPDATE - Illegal Spillautomaten267 Haiser a Portugal an 8 Haiser zu Lëtzebuerg duerchsicht

Nom Lëtzebuerger Parquet en Donneschdeg huet e Freideg och Europol an där Affär kommunikéiert.

© Europol

An der Affär ëm illegal Spillautomate gouf et nees Perquisitiounen an eng Persoun ass och festgeholl ginn. De Parquet général hat dat matgedeelt. De Parquet général war vun de portugisesche Justiz-Autoritéite gefrot ginn. Et gouf nämlech Verbindungen op Lëtzebuerg.

En Dënschdeg gouf et dunn am Süde vum Land op e puer Plaze Perquisitiounen, zäitgläich mat esou Aktiounen a Portugal.

E Mann vu 44 Joer ass verhaft ginn, dat op Grond vun engem Mandat vun de portugiseschen Autoritéiten. D'Persoun koum virun den Untersuchungsriichter, deen decidéiert huet, datt d'Persoun an Untersuchungshaft bleift.

Illegal Spillautomate goufen och confisquéiert.

© Europol


E Freideg gëtt Europol zousätzlech Detailer, wat d'Enquête géint illegal Glécksspiller, Spillautomaten a Sportwetten ugeet.

Alles an allem sinn 267 Haiser a Portugal an der 8 zu Lëtzebuerg duerchsicht ginn. An et goufe 576.000 Euro Cash, eng 3.000 Computeren, Spillautomaten, 22 Waffen, 86 Autoen a Bankkonte mat Avoire vu méi wéi 6 Milliounen Euro saiséiert.

Saiséiert Spillautomaten a Portugal© RTL Télé Lëtzebuerg


Wéi et weider heescht, wieren am Ganze 14 Firmen an 93 Persounen a Portugal, Lëtzebuerg, Brasilien an der Schwäiz ugeklot ginn. De kriminelle Reseau soll via dat illegaalt Glécksspill alles an allem a Portugal an hei am  Land 80 Milliounen Euro generéiert hunn.

267 Haiser a Portugal an 8 Haiser zu Lëtzebuerg duerchsicht (09.11.2018)
Nom Lëtzebuerger Parquet en Donneschdeg huet e Freideg och Europol an där Affär "illegal Spillautomaten" kommunikéiert.


Undercover-Reportage iwwer illegal Glécksspiller a Caféen
Illegal Glécksspiller an de Caféen: E Milieu, an deen eng Ekipp vum Top Thema Magazin agedaucht ass an Undercover recherchéiert huet. Kuckt hei nach eng Kéier de Reportage aus dem Joer 2016.

Top Thema Undercover: illegal Glécksspiller an de Caféen (20.04.2016)
A leschter Zäit sinn an ëmmer méi Caféen hei am Land orange Internet-Bornen opgestallt ginn, op deenen een am Internet ka surfen.

U sech näischt Aussergewéinleches, wann et tatsächlech just em Internetsurfe géif goen. Ma dës Borne funktionéiere gläichzäiteg och als Gléckspiller, wou de Client bor Suen ageheit an där och nees gewanne kann. Eppes, wat zu Lëtzebuerg awer kloer verbueden ass, wéi de Luc Schaack - Jurist spezialiséiert am Spillrecht - erkläert.



Reaktiounen op de Reportage fannt Dir am Artikel vun 2016.

RTL-NEWS: Undercover-Reportage iwwer illegal Glécksspiller a Caféen

Matdeelung vun Europol (9.11.2018)
Europol supports Portugal in huge operation targeting illicit lotteries and sports betting

The Fiscal Action Unit of the Portuguese Republican National Guard, together with the Territorial Command of Setúbal and with the support of a number of other Territorial Commands from Portugal*, as well as Luxembourg and Europol successfully carried out operation SHADOW GAME from 6 to 8 November.

After an investigation of 15 months, coordinated by Eurojust and Europol, participating law enforcement forces carried out 267 house searches in Portugal and 8 house searches in Luxembourg earlier this week. As a result of these, 30 individuals were arrested in Portugal, and one detained in Luxembourg in accordance with the European Arrest Warrant. EUR 576,000 have been seized in cash alongside some 3,000 computer devices used for illegal gambling, 22 firearms, 86 vehicles, including several luxury vehicles and several bank accounts resulting in the recovery of more than 6 million EUR in criminal assets. Fourteen commercial companies and 93 people from Portugal, Luxembourg, as well as Brazil and Switzerland were also indicted.

The investigation revealed a structured and hierarchical transnational criminal organisation operating in various EU Member States (Belgium, Luxembourg, Portugal) and Switzerland. The criminal organisation was active in the field of servers and software for the development of games of chance, lotteries and sports betting. The purpose of the network was to obtain and maximize illicit revenues by dividing them along the chain of operators and reinvesting them in economic sectors and licit enterprises. The total amount of criminal profits obtained in Portugal and in Luxembourg is currently estimated at EUR 80 million.

Europol supported this investigation by providing on-going analytical support, organising and funding operational meetings between Portugal and Luxembourg and by deploying its staff members and mobile office capabilities to Portugal and Luxembourg during the action days to prepare and assist both country's National Authorities with on-the-spot real time intelligence analysis, which has already allowed for the identification of new international links.

* Viana do Castelo, Braga, Porto, Vila Real, Aveiro, Viseu, Coimbra, Guarda, Leiria, Lisbon, Évora and Faro

E Café zu Péiteng war och am Viséier vun den Ermëttler.© Olidom Multimedia