GeriichtHaschisch a vill Suen am Auto, 5.000 Euro Geldstrof

Donieft goufen déi 21.000 Euro, déi de Mann bei der Kontroll bei sech hat, confisquéiert.

© AFP

Sou wéi vum Vertrieder vum Parquet gefuerdert, gouf en Donneschdeg am Nomëtten um Stater Geriicht e Mann zu enger Geldstrof vu 5.000 € condamnéiert. Dobäi kënnt, dass 21.000 € confisquéiert ginn, déi am Oktober zejoert a sengem Auto fonnt gi waren, dat bei enger Kontroll vun Douanieren op der Saarautobunn.

Deemools war zu Munneref ënner anerem en Auto mat däitsche Placken erausgewonk ginn, an deem zwee Männer souzen. Si haten op d'Fro, ob si Boergeld am Wäert vun 10.000 € oder méi bei sech hätten, mat „Neen“ geäntwert. Ënnert dem Bäifuerersëtz haten d'Beamte vun der Douane dunn awer déi 21.000 € fonnt an doriwwer eraus nach e bëssen Haschisch an der Mëttelconsole.