Trotz Ligen10 Joer Prisong wéinst Sequestratioun mat Vergewaltegung

D'Geriicht ass dovunner iwwerzeegt, datt de Mann eng Fra géint hire Wëlle festgehalen a si och vergewaltegt soll hunn.

© AFP

Obwuel seng Partnerin de leschte Mount am Prozess gesot hat, si hätt gelunn, gouf e Mann en Donneschdeg de Mëtten um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 10 Joer veruerteelt. D'Riichter sinn domat der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet nokomm.

De Mann hat wéinst Sequestratioun mat Viollen de Prozess gemaach kritt. Hie soll d'Fra am Juni zejoert an der Stad géint hire Wëlle festgehalen a vergewaltegt hunn. Deen elo Veruerteelten hat dat bestridden. Am Prozess hat d'Fra dunn ausgesot, dass si deemools net d'Wourecht gesot hätt, well si net an engem normalen Zoustand gewiescht wär.