VIDEO: KoalitiounsgespréicherAarbechtsgruppe kënne Mëtt nächster Woch fäerdeg ginn

Den Ament sinn d’Koalitiounsgespréicher jo nach voll am gaangen, och an den Aarbechtsgruppe gëtt fläisseg geschafft.

Koalitiounsgespréicher nach voll am gaangen (08.11.2018)
Den Ament sinn d’Koalitiounsgespréicher jo nach voll am gaangen, och an den Aarbechtsgruppe gëtt fläisseg geschafft.
Geschwënn ass et ee Mount hier, datt Lëtzebuerg gewielt huet. Ronderëm déi 3 potentiell Koalitiounspartner ass et relativ roueg ginn. D'Aarbechtsgruppe si mat hirer Aarbecht am gaangen an d'Ëffentlechkeet gëtt kaum eppes gewuer. An den nächste Wochen dierft sech awer weisen, wéi e méigleche gemeinsame Projet vun der DP, LSAP an Déi Gréng ausgesäit a wéi eng personell Decisioune geholl ginn.

Nom Walowend ass et séier gaangen, nach an der Nuecht hu sech d'Vertrieder vun den 3 Regierungsparteien am Staatsministère gesinn, fir iwwert eng méiglech Weiderféierung ze schwätzen. Zwee Deeg drop huet de Grand-Duc de Xavier Bettel Formateur genannt. Déi éischt Gespréicher, déi een hat, wiere positiv gewiescht, déi 3 Parteie si geschlossen opgetrueden. Déi lescht Zäit ass et méi roueg ginn, déi 11 Aarbechtsgruppen hunn ugefaange mat schaffen. Wou de Wee higeet gouf d‘Ëffentlechkeet bis elo nach net gewuer.

Vill ass een um Donneschdeg net gewuer ginn, ee Corinne Cahen sot op Nofro et géif een äifreg schaffen an och gutt weiderkommen. D‘Aarbechtsgruppe sinn am Gaang hir Aarbecht ofzeschléissen. An de grousse Plenièressëtzungen déi nächst Woch géif een iwwert déi verschidde Knackpunkten, wou ee sech nach net eens ass, diskutéieren. Den nächste Mëttwoch (14. November), genee 1 Mount no de Walen, kënnt een an der grousser Ronn zesummen.

No baussen dréngt praktesch guer näischt. Och den LSAP-Minister Etienne Schneider wollt en Donneschdeg de Moien um Bord vun der Mäertesfeier vun der Arméi net weider drop agoen. Hien huet just dat heiten zu der Aarbecht vun den Aarbechtsgruppen erkläert: "datt d’Aarbechtsgruppe Mëtt der nächster Woch kënne fäerdeg ginn, fir datt déi grouss Plenièressëtzunge kënnen ufänken. Do soll gekuckt ginn, wat déi verschidde Knackpunkte sinn, wou ee sech nach net eens ass. Um Niveau vun de Plenièressëtzungen soll da gekuckt ginn, Léisungen ze fannen."

Den Etienne Schneider um RTL-Mikro

Wat eng Iwwerraschung an der LSAP ugeet, déi d’LSAP Politerkin Joanne Goebbels e Mëttwoch den Owend am Kloertext an Aussicht gestallt hat, dorobber wollt den Etienne Schneider en Donneschdeg de Moien net agoen. Esoulaang d’Koalitiounsverhandlungen nach um gaange sinn, géif hien näischt dozou soen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.