Pierre GramegnaKapitalufuerderunge fir Assurancëgesellschaften "mussen opgeweecht ginn"

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Iddi, fir d’Kapitalufuerderunge fir Assurancëgesellschaften opzelackeren.

Fir esou méi Investissementer an de Kampf géint de Klimawandel ze mobiliséieren.

D‘europäesch "Solvency 2"-Reegele vun 2016 sollen, graff resuméiert, dofir suergen, datt den Assurancësecteur méi schwiereg Zäiten iwwerstoe kann. "Déi Reegele mussen opgeweecht ginn, ouni datt dofir d’Stabilitéit an der Welt vun der Assurance a Fro gestallt gëtt", sou de Pierre Gramegna (DP) en Donneschdeg op der 25. Versammlung vun der internationaler Associatioun vun Iwwerwaachungsautoritéite vun Assurancen hei um Kierchbierg.

Extrait Pierre Gramegna

Dem Finanzminister no wier no der Kris vun 2008 d‘"Ham vläicht an der Mëllech gekacht" ginn, wat dozou géing féieren, datt besonnesch bei Assurancëgesellschaften "ganz vill Reserven" net voll ausgenotzt ginn. Laut Paräisser Klimaofkommes solle vun 2020 un Dausende Milliarden an de Kampf géint de Klimawandel agesat ginn. Eleng géing d’ëffentlech Hand dat net hikréien, esou de Pierre Gramegna.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.