Mäertesfeier um HärebiergBei der Arméi huet een nach ëmmer Problemer mam Rekrutement

Déi lescht 5 Joer huet sech vill am Beräich vun der Arméi gedoen, mä et ass nach Loft no uewen.

© EMA

Sou huet et den Donneschdeg de Moie geheescht, wéi déi Miltärresponsabel an de Minister vun der Force publique Etienne Schneider d’Aarbechten an der Arméi Revue passéiere gelooss hunn. En Donneschdeg, um Dag, wou de Schutzpatréiner vun der Arméi gefeiert gouf.

Mäertesfeier um Härebierg/Reportage Nadine Gautier

Et huet een zum Beispill nach Problemer beim Rekrutement. Zwar hätt een do zwou Karriäre weider opgemaach an Initiativen an d’Liewe geruff, déi nei Leit ulackele sollten, ma et misst do nach méi geschéien, fir datt d’Arméi fir Jonker berufflech méi attraktiv gëtt. De Colonel Yves Kalmes seet, et misst een nei Weeër goen an d'Karriären och opmaache fir aner schoulesch Niveauen. Weider wier d'Situatioun beim Rekrutement vun ziville Mataarbechter ugespaant an iwwer d'Staatsexamen hätt een net alleguerten d'Plaze kënne besetzen.

Hei soll sech d’Situatioun mat der Reform vum Staatsexame verbesseren, hofft den Yves Kalmes. Een aneren Defi, deen ustéing, wier d'Digitalisatioun. Hei misst d’Arméi besser ausgebilt ginn, fir géint d'Cyberkriminalitéit virzegoen. Do géif et un Experte bannent der Arméi feelen.

Nei Technologien, ee Stéchwuert, op dat den Etienne Schneider den Donneschdeg de Moien och agaangen ass. Mat Satellitte-Kommunikatioun an Observatioun an der Dronen-Technik géif een op nei Technologien am traditionelle militäresche Beräich vun der Opklärung setzen. Zweetens wéilt een der Arméi nieft dem Härebierg een zweet Standbeen um Findel ginn.

Wéi ee Minister wäert déi nächst 5 Joer d’Geschécker vun der Arméi mat decidéieren? Do huet den Aumônier général vun der Force publique, den Nicolas Wenner, den Donneschdeg de Moien ee klengen clin d'oeil gemaach. Hie sot nämlech de Mantel vum Mäerten hätt deemools och déi rout Faarf gehat.

D’Äntwert vum concernéierte Minister Etienne Schneider huet net laang op sech waarde gelooss. Hie kéint nach net soen, wéi eng Faarf de Mantel an Zukunft hätt, ma d'Regierung géing un de Projete festhalen. Weider huet den Etienne Schneider betount, dass d'Arméi ee wichtege Bestanddeel vum Land wier.

Zeréck da bei d’Missioune vun der Arméi. Do léisst sech de Bilan weisen, huet et vun de Responsabele geheescht. Den Ament ass nämlech eng héich Zuel vun Zaldoten an Norwegen am Asaz, esou wéi och e puer Polizisten, dat am Kader vun enger NATO-Missioun.

Offiziellt Schreiwes
L'armée célèbre la fête patronale Saint-Martin au Centre militaire (08.11.2018)
Communiqué par: état-major de l'armée

En date du 8 novembre 2018, l'armée a célébré sa fête patronale Saint-Martin au Centre militaire à Diekirch en présence du Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, Étienne Schneider.

Lors de son allocution, Étienne Schneider a déclaré: «La mise à disposition de plus de moyens et de ressources ont fait que l'armée en particulier et la défense luxembourgeoise en général se portent aujourd'hui mieux qu'il y a 5 ans. Pendant la législature actuelle, l'armée s'est modernisée par l'acquisition de nouvelles compétences et d'expertise technologique, notamment dans le domaine des communications et de la reconnaissance. Un cadre stratégique et son plan d'action définissent la voie selon laquelle la défense et l'armée vont poursuivre leur évolution positive à moyen et à long terme.»

Dans le cadre de la cérémonie, le chef d'état-major, général Alain Duschène, a décerné une dague d'honneur à un sous-officier méritant en guise de récompense pour la réussite exemplaire de l'examen d'admission définitive pour le grade de sergent de l'armée.

Le général Alain Duschène a également procédé à la remise de l'insigne de caporal d'honneur à trois lauréats afin de mettre en honneur les efforts entrepris par ces personnalités ayant fourni directement ou indirectement des services particuliers et indispensables à l'armée.

Le général Alain Duschène a décerné l'insigne de caporal d'honneur aux personnalités suivantes:

• Colonel breveté d'état-major Eric Marotte, commandant militaire de la province de Luxembourg;
• André Schott, directeur de la société WSA (Warehouses Service Agency);
• Lucien Klein, directeur du Lycée technique Ettelbruck.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.