Op eise StroossenZwee Accidenter mat allkéiers 2 Blesséierten

Aus dem 112-Bulletin vun der CGDIS geet ervir, dass et en Donneschdeg den Owend an e Freideg de Moie fréi 2 Mol gerabbelt hat.

© RTL Archivbild
An engem Accident en Donneschdeg den Owend kuerz no 19 Auer zu Diddeleng an der Rue Gaffelt waren zwou Persoune verwonnt ginn. Zwee Autoen hate sech ze pake kritt.

Zwee Blesséierter gouf et um 3.40 Auer an engem Accident zu Réimech an der Route de Mondorf. Den 112 mellt, dass zwee Autoen anenee gerannt waren.

Kuerz no Mëtternuecht huet an der Stad an er Rue des Trevires nach eng Poubelle gebrannt.