Festleeë vun der IndextrancheChambre de Commerce fuerdert Neiberechnung vu Präisdeierecht

D'Berechnung vun der Präisdeierecht, déi fir d'Festleeë vun den Indextranche geholl gëtt, muss nei iwwerduecht ginn, fuerdert d'Chambre de Commerce.

© RTL Archivbild

Dass Produite wéi Pëtrol, Alkohol an Tubak an déi Rechnung mat afléissen, wier net méi zäitgeméiss. Lëtzebuerg wier dat eenzegt Land, an deem iwwerhaapt eng Indextranche op d'Salaire gerechent gëtt, fir d'Inflatioun oder d'Präisdeierecht auszegläichen an d'Kafkraaft vun de Stéit z'erhalen.

Indextranchen nei berechnen / De Reportage vum BenFrin



Dëse System gëtt zemools natierlech vum Patronat schonn ëmmer zum Deel hefteg kritiséiert, de gewënschten Effet géif nämlech guer net erreecht ginn, well all Indextranche selwer, d'Inflatioun op der anerer Säit nees dreift, well een, dee méi Kafkraaft huet, gëtt jo och méi aus an dreift esou och d'Präisser an d'Luucht. De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen, fuerdert, dass grad déi Produiten aus der Berechnung fir d'Indextranchen erausgeholl ginn, déi der Gesellschaft éischter schueden, zum Beispill Alkohol ab Tubak.

Duerch de Faite, dass méi esou Produite consomméiert ginn an de Präis do an d'Luucht geet, kënnt méi séier eng Indextranche. Do soen d'Leit sech, dass si zwar méi bezuelen, mä dat méi kompenséiert gëtt.  Grad dat wier negativ um ganze System, präziséiert de Carlo Thelen, d'Comportement vum Konsument gëtt net positiv beaflosst.

Esou géif natierlech och eventuell eppes erreecht ginn dat der Chambre de Commerce géif an d'Kaarte spillen, nämlech dass an Zukunft manner Indextranchen géifen ufalen. Den Index-Mechanismus huet e schlëmmen Impakt op d'Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft, well bei enger Indextranche d'Betriber zum Beispill scho méi héich Pëtrolspräisser bezuelen.

D'Indextranche wier geféierlech fir eis Ekonomie a fir d'Kompetitivitéit vum Land, seet de Carlo Thelen. Eng Neiberechnung vum der Indexatioun géif zudeem d'Nohaltegkeet vum der Rifkin-Iddi ënnerstëtzen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.