Aus CHL fortgelafPrisonéier vu Police festgeholl an zréck op Schraasseg bruecht

E Freideg kuerz viru 17 Auer war e Prisonéier bei enger Visitt am Centre hospitalier an der Stad (CHL) ugedréckt.

De Mann hat sech mat Handschellen aus der Rue Nicolas-Ernst Barblé duerch d'Bascht gemaach. D'Police hat duerno geroden, an dem Beräich Areler Strooss an der Stad kee mam Auto matzehuelen.

D'Police hat aktiv no him gesicht, och de Policehelikopter war am Asaz. E Freideg den Owend koum dunn d'Informatioun, datt de Prisonéier géint 21.15 Auer an der Rue Val Fleuri an der Stad fonnt gouf a festgeholl ginn ass. D'Police huet de Mann duerno nees zeréck an de Prisong op Schraasseg bruecht.