EppelduerfScheier komplett verbrannt an deelweis an e Koup gefall

E Freideg géint 16 Auer huet zu Eppelduerf eng Scheier gebrannt. Mënscheliewe waren net a Gefor an et waren och keng Déieren dran.

© Marja van der Meet
Dat aalt Gebai gouf net landwirtschaftlech genotzt, et waren also weder Déieren, nach Maschinnen dran, trotzdeem louch genuch dran, wat Feier fänke konnt.

Wéi d'Pompjeeën op der Plaz waren, stoung d'Scheier hell a Flamen. Et konnt awer verhënnert ginn, datt d'Flamen nach op aner Gebaier iwwergaange sinn.

Eng 35 bis 40 Pompjeeë waren am Asaz an och zwee Zivilisten hätten engagéiert gehollef, krut RTL vun der Plaz matgedeelt.




D'Feier war séier ënner Kontroll, ma well vill Geschir an der Scheier war, dierften d'Noläschaarbechte bis ongeféier 21 Auer daueren.

De lénken Deel vun der Scheier ass duerch de Brand an e Koup gefall.

Op der Plaz waren d'Zentere vun Iermsdref, Miedernach, Bettenduerf, Konsdref, Ettelbréck (Asazleetwon) an Dikrech (Ambulanz).

© Marja van der Meet