TramSozialkonflikt bei Luxtram spëtzt sech zou, Luxtram reagéiert

D'Exploitatiounsfirma vum Tram widdersprécht Reproche vun de Gewerkschaften, dass bei Luxtram d’Amplitude vun de Schaffzäiten net géife respektéiert ginn.

Am Sträit ëm d'Kollektivvertragsverhandlungen bei Luxtram huet e Mëttwoch d'Societéit op d'Reproche vu Gewerkschaftssäit reagéiert. Wéi et an engem Schreiwes um Mëttwoch den Owend geheescht huet, hätten d'Negociatiounen am September 2017 ugefaangen an d'Generaldirektioun vu Luxtram hätt alles dru gesat, fir en Accord mat de Gewerkschaften an de Personalvertrieder ze fannen.

Ënnert anerem gouf et eng Augmentatioun vun 11% bei de Paien vum éischten op dat zweet Joer, supplementar Congésdeeg an d'Amplitude vun de Chauffeure gouf op 10 Stonnen erof gesat. Just an exzeptionelle Fäll kéint des bei 13 Stonne leien. Luxtram widdersprécht dem Reproche vun de Gewerkschafte vun e Méindeg, dass een d'Amplitude net géif respektéieren a verschidde Schichte moies um 18 Minutten op 9 géifen ufänken a bis Owes 21.50 Auer géife goen. An der Realitéit géif ee Chauffeur 8 Stonnen um Tram fueren an hätt op d'mannst 2 Stonne Paus. Just a ganz rare Fäll hätt ee Chauffeur och mol eng Amplitude vun 13 Stonnen, mä dee Moment awer 5 Stonne Paus, heescht et vu Luxtram. Dorobber géif awer net dacks zeréck gegraff ginn. An esou Fäll géif de Chauffeur pro Dag och eng Primm vun 100 Euro ausbezuelt kréien. Wéi et nach am Schreiwes heescht, géif een et bedaueren, dass d'Gewerkschaften keng reell Volontéit gewisen hätte fir ze negociéieren. Luxtram huet d'Mataarbechter fir e Freideg op eng Informatiounsversammlung invitéiert.


OGBL a Landesverband haten en Dënschdeg annoncéiert op d'Conciliatioun ze goen. Wéi den OGBL an de Landesverband an engem Schreiwes präziséieren, huet d'Luxtram-Direktioun op Zäit gespillt. Mam Sozialkonflikt, dee sech do géif annoncéieren, sollt bis no de Parlamentswalen am Oktober gewaart ginn.

Conciliatioun Luxtram/Reportage Claude Zeimetz



Wat haten d'Gewerkschaften um Dënschdeg gesot?
OGBL a Landesverband hunn en Dënschdeg annoncéiert op d'Conciliatioun ze goen. Fir e Freideg gouf vu Luxtram eng Versammlung aberuff, esou e Schreiwes. A ville Verhandlungsronne mat der Direktioun vu Luxtram wär een net weiderkomm. Eng reell Upassung vun de Léin bei Luxtram un den ëffentlechen Déngscht a besonnesch besser, méi sécher Aarbechtskonditioune géife vun der Direktioun ignoréiert ginn.

D'Gewerkschaften hunn d'Salariéë vu Luxtram SA den 3. Oktober iwwert den aktuelle Stand vun de Verhandlungen informéiert, déi déi lescht Propose vun der Direktioun, den Ufanksgehalt z'erhéijen, eestëmmeg refuséiert hunn. Fir si wieren d'Aarbechtskonditioune weiderhin net ze toleréieren. Och bei Verbesserunge vun den Ufanksgehälter, géif déi allgemeng Gehälterstruktur awer nach ëmmer wäit ënnert de gefuerderten Upassunge wéi déi am ëffentlechen Déngscht leien.

Wéi et weider am Schreiwes heescht, géif d'Direktioun mat hirem sture Verhalen e Sozialkonflikt reegelrecht provozéieren. Et géif deemno kee Wee méi laanscht d'Conciliatioun féieren an d'Salariéë wiere sech bewosst, dass mat engem weideren Echec do näischt méi laanscht e Streik féiert.

Elo wier et e leschten Appell un déi nei Regierung an un d'Stad Lëtzebuerg, z'intervenéieren. Si kéinte sech net méi aus de Verhandlungen eraushalen, sollt et zu engem oppene Sozialkonflikt kommen, respektiv, wann et wéinst ze laange Schichten an ze kuerze Rouphasen zu engem Accident komme sollt. Et wier scho virkomm, dass Tram-Chauffere wéinst Middegkeet oder Iwwelzegkeet hätte missen ofgeléist ginn. Net verwonnerlech, wann een hiren Aarbechtsplang géif kucken - Schichtufank um 9.18 a Schluss um 21.50 Auer. Dat sinn 12 an eng hallef Stonnen, d'Amplitude bei den CFL zum Beispill läit bei maximal 10 Stonnen.

De Christian Sikorski vum OGBL (13.11.2018)
OGBL a Landesverband hunn um Dënschdeg de Moien annoncéiert op d'Conciliatioun ze goen.


De Christian Sikorski vum OGBL



Sozial-Dumping bei Luxtram (03.10.2018)
Den OGBL an de Landesverband hu jo bei der Aweiung vum Tram e Protestpiquet organiséiert, fir de sozialen Dumping ze denoncéieren vun de Luxtram-Salariéen.


D'Schreiwes vu Luxtram vum 14. November 2018

Négociations salariales en vue de la signature d’une convention collective de travail

Les négociations en vue de la signature d’une convention collective au bénéfice des salariés de Luxtram ont été engagées en septembre 2017. Depuis cette date la Direction Générale de Luxtram a pris le soin de négocier avec la volonté de trouver un accord avec les syndicats et les représentants du personnel. Concrètement Luxtram S.A. a proposé :

En juin 2018 :

- Une augmentation du salaire des conducteurs de 11% entre la première et la deuxième année.
- Une augmentation de la prime d’astreinte pour les techniciens de 100 € à 200 €.
- L’obtention de 3 jours de congés supplémentaires pour passer de 25 à 28 jours de congés annuels.

En septembre 2018 et en complément des propositions de juin :

- Augmentation salariale de 4% échelonnée sur trois ans pour tous les salariés (première année 2,5%, deuxième année 1%, troisième année 0,5%).
- Les amplitudes des conducteurs sont réduites à 10 heures avec la possibilité d’aller exceptionnellement jusqu’à 13 heures.
- Mise à disposition gratuite du M-PASS pour tous les salariés.

Luxtram conteste l’affirmation des syndicats, publiée par communiqué du mardi 13 novembre 2018, et concernant l’application du règlement social de Luxtram sur les amplitudes: „ Dies ist nicht verwunderlich, wenn, wie aus einem Schichtplan hervorging, die Schicht um 9.18 Uhr beginnt und um 21.50 Uhr endet!“

En réalité le service journalier d’un conducteur se compose d’un temps de conduite de 8 heures et d’un temps de repos. Généralement le temps de repos méridien d’un chauffeur de tramway est de moins de 2 heures, soit, dans ce cas, une amplitude de 10 heures. Très exceptionnellement, le service d’un conducteur peut comprendre une pause étendue, pouvant aller jusqu’à 5 heures, soit une amplitude exceptionnelle d’un maximum de 13 heures. Dans ce cas, une prime pour service fractionné d’un montant de 100 € par jour est versée au conducteur.

Luxtram a proposé dans le cadre des négociations de s’engager à n’utiliser la possibilité d’une amplitude de 13 heures qu’à titre tout à fait exceptionnel.

Luxtram regrette que les syndicats n’aient pas montré de réelle volonté de négocier et se soient limités à revendiquer l’application pleine et entière de leur projet de convention collective du secteur public, sans proposer, à aucun moment, de l’amender sur quelque point que ce soit.

La Direction de Luxtram a invité l’ensemble du personnel à une réunion d’information et d’échange sur l’avancement des négociations salariales ce vendredi 16 novembre 2018 à 14.00 heures.

Offiziellt Schreiwes
Sozialkonflikt bei Luxtram: OGBL und Landesverband befassen das Schlichtungsamt

Nach einer letzten von mehreren Verhandlungsrunden am 27. September 2018, ignorierte die Direktion von Luxtram SA, die vom Personal geforderte legitime Anpassung ihrer Lohn- und Arbeitsbedingungen an die guten und sicheren Standards, wie sie im öffentlichen Dienst angewandt werden. Die Direktion schlug den Gewerkschaften nur minimale Erhöhungen bei den Einstiegsgehältern vor.

Allem Anschein nach spielte die Tram-Direktion auf Zeit. Auf Geheiß von oben sollte ganz offensichtlich der Ausbruch des sich anbahnenden Sozialkonfliktes bis nach den Parlamentswahlen vom 14. Oktober 2018 hinausgeschoben werden.

OGBL und FNCTTFEL-Landesverband informierten die Belegschaft von Luxtram SA am 3. Oktober über den letzten Stand der Verhandlungen. Die Belegschaft lehnte einstimmig die neuen Vorschläge der Direktion ab. Sie ließ sich nicht von den Scheinzugeständnissen der Direktion blenden. Die Arbeitszeitbedingungen bleiben nach wie vor unannehmbar. Trotz der vorgeschlagenen Verbesserungen der Einstiegsgehälter bleibt die allgemeine Gehälterstruktur noch immer weit unter den geforderten Anpassungen an die üblichen Lohnbedingungen im öffentlichen Dienst.

Sowohl die Belegschaft als auch die Gewerkschaften kamen zum Schluss, dass die Direktion kein reales Interesse an einer konsequenten Verbesserung der Arbeits- und Gehälterbedingungen zeigt. Die Belegschaft bedauerte, dass die sture Haltung der Direktion den Sozialkonflikt bei Luxtram SA geradezu provoziere. Der Gang zum Schlichtungsamt sei unumgänglich und bedeute die letzte Chance, um einen Sozialkonflikt bei Luxtram SA. zu verhindern.

Die Belegschaft ist sich voll bewusst, dass durch ein Scheitern der dort stattfindenden Verhandlungen ein Streik bei Luxtram SA unumgänglich wird.

Ein letzter Appel werde an die neue Regierung und die Gemeinde Luxemburg gerichtet. Diese können sich nicht aus ihrer Verantwortung stehlen, sollte es zum einem offenen Sozialkonflikt kommen respektive wenn aufgrund der überlangen Schichtdauer und der kurzen täglichen Ruhepausen es zu einem Unfall kommen sollte, was keiner hofft. Immerhin mussten bereits Tramfahrer während ihrer Schicht, wegen Müdigkeit und Unwohlsein abgelöst werden. Dies ist nicht verwunderlich, wenn, wie aus einem Schichtplan hervorging, die Schicht um  9.18 Uhr beginnt und um 21.50 Uhr endet!

Auf den Einwand der Gewerkschaften gelegentlich einer Verhandlungsrunde, die tägliche Ruhepause von 11 Stunden sei nicht ausreichend für Trambedienstete, die einen langen Arbeitsweg zu ihrer Arbeitsstätte in Kauf nehmen müssen, erwiderte der Tramdirektor, diese Bediensteten könnten eine Wohnung in Luxemburg beziehen. Dies dürfte mit den aktuellen Löhnen, die bei der Tramgesellschaft bezahlt werden, bis auf Weiteres unmöglich sein.

OGBL und FNCTTFEL-Landesverband verlangen nichts Unmögliches. Sie fordern eine Angleichung der Arbeits- und Lohnbedingungen bei LUXTRAM an diejenigen, wie sie bei den andern öffentlichen Transportbetrieben in Luxemburg üblich sind. Es kann nämlich keinem einleuchten, weshalb die Trambediensteten schlechtere Lohnbedingungen haben sollen als die Busfahrer der Stadt Luxemburg respektive schlechtere Arbeitsbedingungen als die Lokführer bei der Eisenbahn.

OGBL und FNCTTFEL-Landesverband appellieren jetzt schon an die Trambenutzer Verständnis zu zeigen, sollte sich ein offener Sozialkonflikt bei LUXTRAM als unvermeidbar erweisen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.