GreenpeaceRadioaktiv Offäll no un der Lëtzebuerger Grenz?

Héich radioaktiv Offäll kéinten an Zukunft net wäit vu Lëtzebuerg, just iwwert der belscher Grenz, ënnerierdesch stockéiert ginn.

E Projet, dee bei Greenpeace op Kritik stéisst. D'Ëmweltorganisatioun huet e Mëttwoch zu Bréissel virum Siège vun Engie Eletrabel demonstréiert, déi de Projet realiséiere sollen. Och Lëtzebuerg kéint vun deem Projet betraff sinn.

Greenpeace vs Radioaktiv Offäll/Reportage Claudia Kollwelter

Well nach ass net gewosst, wou genee dës ënnerierdesch Stocke sollen hikommen. Et ginn awer just puer Méiglechkeeten, wéi de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg erkläert. Engersäits am Norde vun der Belsch, wou ee vill Tounschichten huet oder awer an den Ardennen, wou ee Schifer huet.

Dat kéint dee Moment dann och Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn. Jee no deem, wéi se gelagert sinn, kéint no enger Rei Jore Radioaktivitéit austrieden a kéint méiglecherweis d'Grondwaasser kontaminéieren. Och méiglech wier eng Waasserstoffexplosioun, esou dass Radioaktivitéit kann austrieden.

Geplangt ass, datt den Atomdreck e puer honnert Meter ënnert dem Buedem stockéiert gëtt. De Centre de stockage soll dono zougemaach ginn, sou datt ee keen Accès méi drop hätt. Fir Greenpeace ass dat net de richtege Wee, eng optimal Léisung géing et allerdéngs souwisou net ginn. Déi manner schlecht Aart a Weis wier awer, dass een den Atomdreck net esou wäit ënnert dem Buedem géing stockéieren, esou dass een am Fall vun engem Problem séier reagéiere kéint.

Awer och fir de Fall, wou aner Methode fonnt ginn, fir den Offall ze traitéieren, da kéint een dat nach ëmmer maachen. Puer honnert Meter ënnert dem Buedem kéim een eben net méi drun an dat wier problematesch. Electrabel ass Bedreiwer vun den Atomreakteren zu Doel an zu Tihange, zwee Reakteren, déi schonn zanter Joren an der Kritik stinn, net méi sécher genuch ze sinn. Do géif et och eng Decisioun vun der belscher Regierung ginn, fir se bis Mëtt 2020 vum Netz ze huelen. An der Belsch wieren awer d'nächst Joer Walen an do misst ee kucken, ob et bei där Decisioun bleift.

Hei wieren d'Nopeschlänner, also och Lëtzebuerg gefuerdert, fir weider Drock op d'belsch Regierung ze maachen, fir datt se aus der Atomenergie erausklammen, betount nach de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.