Um Freideg5. Ronn vun de Koalitiounsverhandlungen

Um Freideg sinn déi dräi Verhandlungsdelegatioune vun DP, LSAP an déi Gréng fir weider Gespréicher am grousse Krees beienee komm.

E Freideg souzen d'Vertrieder vun deenen dräi Parteien am Ausseministère nees un engem Dësch, fir ee Regierungsprogramm auszeschaffen. Dëse wëll de Formateur Xavier Bettel, eegenen Aussoen no, virun der Chrëschtvakanz presentéieren. Mëtt der Woch hat et geheescht, dass ee gutt géif weiderkommen. Soss gouf dee Moment awer näischt verroden.

Weiderhinn wéineg Informatiounen iwwert d'Verhandlungen (16.11.2018)
Um Freideg sinn déi dräi Verhandlungsdelegatioune vun DP, LSAP an déi Gréng fir weider Gespréicher am grousse Krees beienee komm.

Déi ganz Presse hat do op de Formateur Bettel a seng Gefolgschaft gewaart, wéi gesot ouni Resultater gewuer ze ginn... Kee Politiker huet och nëmmen usazweis ee Mucks vu sech ginn, deen hätt kéinten undeiten, a wéi eng Richtung et déi nächst 5 Joer goe kéint. Alt nees eng Kéier koumen déi al bekannten Aussoen, déi quasi ee Copie Collé vun de leschte Plenièrë waren. Virun der Sëtzung huet de Formateur gemengt, dass nach näischt definitiv wier an dass een elo mol wéilt de Programm op d'Bee stellen.

Eng weider Ronn ass op den nächste Mëttwoch ugesat. Dono sollen sech d'Verhandlungsdelegatiounen nach am ganzen 3 mol gesinn. Eng lescht Reunioun ass viraussiichtlech den 28. November.

De Xavier Bettel iwwert d'Koalitioun

No der Plenière war d’Äntwert, dann nach méi kuerz, mä genausou vague. Verschidde Rapporte wären ewell fäerdeg, praktesch alles wat erakomm ass, hätt een derduerch kritt.

De Xavier Bettel no de Verhandlungen

Wéi gesot war aus de Politiker déi am Ausseministère mat um Dësch sëtzen, näischt erauszekréien, egal wéi een d'Froe gestallt huet. Kee wäert eppes no baussen droen, huet et geheescht, bis datt alles géing stoen, an dat wäert wuel och nach net déi nächste Woch sinn, wou dräi Plenière sinn, e Mëttwoch, Donneschden a Freiden.

© Bérengère Beffort

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.