Tëscht Jonglënster an dem BlummendallAutomobilist krut e Bam ze paken a gouf ageklemmt

E Samschdeg de Moie koum et géint 8.30 Auer zu engem uergen Accident um CR121 tëscht Jonglënster an dem Blummendall.

© ntre d'Incendie et de Secours Junglinster
De Chauffer krut op där Plaz e Bam ze paken a gouf a sengem Gefier ageklemmt. Hien huet misse vun de Rettungsekippe befreit ginn a koum blesséiert an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Jonglënster an Hiefenech/Reiland, de Samu an de Peletonschef am Déngscht.

© Centre d'Incendie et de Secours Junglinster


Wéi d'Pompjeeë vu Jonglënster nach präziséieren, war et e Samschdeg de Moie plazeweis spigelglat. Un d'Autmobilisten ass et dowéinst den Appell, d'Vitess de Konditiounen unzepassen, soubal d'Temperaturen ëm de Gefréierpunkt falen.