ZeienopruffMat 200km/h viru Kontroll geflücht an duerch Policespär gerannt

Eng spektakulär Course-Poursuite gouf et an der Nuecht op e Sonndeg géint 2.30 Auer vun der Stad erfort bis op Esch.

© RTL Archivbild

Zu Hollerech war d'Police op en Auto opmierksam ginn, deen ze séier a Richtung Autobunn A4 gefuer ass. Wéi de Chauffer d'blo Luuchte gesinn huet, huet dëse staark acceleréiert an ass mat iwwer 200 Stonnekilometer iwwer d'Autobunn a Richtung Esch gerannt.

Wéi d'Police schreift, huet de Chauffer do zum Deel ganz geféierlech Situatioune provozéiert.

Zu Esch ass de selwechte Chauffer duerch eng Stroosseblockade vun der Police gerannt a krut dobäi e Polizist bal ze paken.  Mat héijer Vitesse goung et weider duerch Esch bis an eng Sakgaass. Do ass den Automobilist dunn op e Beamten duergerannt, deen huet doropshin op d'Pneue vum Won geschoss. Kuerz dono konnt d'Gefier definitiv gestoppt ginn.

De Chauffer gouf verhaft. Éischten Ermëttlungen no hat hie kee Führerschäin. Am Auto souzen nach véier aner Leit. Et gouf kee verwonnt, de Materialschued ass awer héich.

D'Police freet no Zeien, wéinst der spektakulärer Course Poursuite.

Zu Esch an der rue Berwart beim Parkhaus Schlassgaart solle sech Leit opgehalen hunn, déi eppes kéinte gesinn hunn. Si solle sech bei der Police mellen.