Déidlech Attack vum Juni 199721 Joer nom Doud vu Sécherheetsbeamte bei der Concorde kënnt et zum Prozess

Bal 21 an en halleft Joer no de bluddege Faite gëtt sech zanter en Dënschdeg mat der déidlecher Attack op e Sécherheetsmann, am Juni 1997, befaasst.

Deemools war de 35 Joer ale Sécherheetsmann um Parking vum Akafszenter Concorde erschoss ginn. Kuerz virdrun hat hie bannenan eng Wallis ofgeholl kritt, an där eppes méi wéi zwou Millioune Frang waren. De Mann war de Brigangen nogelaf, déi an e Fluchtauto gespronge waren. Aus deem Renault 21 eraus war zweemol op de Sécherheetsmann geschoss ginn.

Den Auto gouf kuerz drop um Parking vun der Belle Etoile fonnt, ouni dass vill Spueren dra waren. Wéi 2011 du Géigestänn, déi op der Flucht ewechgehäit gi waren, nach emol ënnersicht goufen, sinn DNA-Spuere vum Beschëllegten, engem Ex-Friemelegionär, entdeckt ginn.

Iwwerfall no 18 Joer opgekläert! (29.06.2015)
18 Joer no der brutaler Attack op een Secherheetsbeamten beim Akafszenter Concorde ass een Täter elo ermëttelt an schonns op Schraasseg transféreiert ginn.


En deemolege Member vun der Police technique sot den Dënschdeg de Moien aus, dass him, wéi hien op d'Plaz koum, séier opgefall wär, dass dem Affer seng Déngschtwaff gefeelt huet. De Mann hätt zwou Wonne vu Schëss Opweises a keng kugelsécher West ugehat. Et hätt een zwee Projektille fonnt, een nieft dem Auto an ee bei enger Dréindier vun der Concorde, sou den Ex-Polizist. De Fluchtauto, deen ebe bei der Belle Etoile fonnt gouf, war 8 Deeg virdrun a Frankräich geklaut ginn an d'Placke wäre wuel fir den Iwwerfall produzéiert ginn. Am bannenan "opfalend propperen Auto" wäre keng Fanger-, mä just Textilspuren entdeckt ginn an eng Patroun. D'hënnescht Fënster vum Won wär zersplittert gewiescht. D'Affer wär aus dem Gefier eraus erschoss ginn, duerch eben zwee Schëss, déi der Presidentin vum Geriicht no allebéid déidlech waren. Op d'Fro vun der Riichterin, ob zwee Brigangen eng Waff haten an och vun zwee Leit geschoss gouf, huet den Zeie "Jo" geäntwert.

E weidere fréiere Beamte vun der Police technique huet erkläert, dass d'Kugelen aus dem Kierper vum Affer mat enger Waff iwwerenee stëmme kéinten. De leschte Beweis dofir géif awer feelen. Engem Textilexpert no goufen am Auto Faserspure vun enger Perréck a vun engem Pullover fonnt, dat wäre keng al Spure gewiescht, sou dass et, wéi d'Presidentin vum Geriicht et formuléiert huet, rezent gewiescht wär, dass dee mat deem Pullover do souz. Wat den Ugeklote soll gewiescht sinn!

Dëse Prozess, dee bis Mëtt Dezember dauere soll, geet e Mëttwoch de Mëtte virun.


Déidlech Attack vum Juni 1997 / Reportage Eric Ewald

D’Serie vun deelweis ganz brutalen Iwwerfäll aus dem Joer ass och weider als Documentaire op www.dna.rtl.lu ze fannen.