Syprolux-Presidentin"De gratis ëffentlechen Transport ass ee vergëfte Kaddo"

Dat seet d’Mylène Bianchy vum Syprolux, nieft dem Landesverband eng vun den Eisebunnergewerkschaften hei am Land.

© RTL-Archiv

D'Mylène Bianchy, Presidentin vum Syprolux, huet um Samschdeg de Mueren op Radio Lëtzebuerg ze bedenke ginn, datt de gratis ëffentlechen Transport seng negativ Repercussiounen net nëmmen op d’Mataarbechter vun der Bunn, mä och op de Client wäert hunn.

Well gratis wier dee net, de Steierzueler misst fir en opkommen.

Den Interview mat der Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy



Donieft fäert de Syprolux, datt mat esou enger Mesure den Drock op Zuchbegleeder, op d’Kontrolleuren an op d’Guichetsleit erhéicht géif ginn, de Beruffsstand géif ofgewäert ginn, an Aarbechtsplaze carrement missten ofgebaut ginn.

Eng aner Doleance vun der Gewerkschaft ass dann, d’Zesummenaarbecht mat der Police ze verdéiwen. De Syprolux wënscht sech och eng eege Policeunitéit fir den ëffentlechen Transport, déi soll geschafe ginn.

"E Schrëtt an d’Zukunft." Mat deem Slogan wëll de Syprolux d’nächst Joer an d’Sozialwale goen. Dat mat ville neie Gesiichter, huet d’Mylène Bianchy um Samschdeg de Mueren erkläert. Vun de 64 Kandidate wieren iwwer 60 Prozent nei mat dobäi. Dofir dann och de Slogan.

Nei Käpp, déi awer al Problemer uschwätze wëllen. De Schichtesystem ass jo geleefeg op der Bunn. Et hätt een zum Beispill an der Maintenance misste Schichten aféieren. Ma d’Planungssécherheet wier awer fir d’Leit wichteg. Bei esou déifgräifenden Ännerunge misst d’Personaldelegatioun matagebonne ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.