Accident geraumtAuto blockéiert Tunnel vun der Stad op de Kierchbierg

Accident an der Stad um Boulevard de la Foire, am Tunnel vun der Stad fir op de Kierchbierg.

Een Auto huet d'Mauer vun der "Unterführung" geroden a sech esou gedréint, dass de kompletten Tunnel blockéiert gouf. Dat huet natierlech vir zolitte Stau am Moiestrafic gesuergt.

Eréischt kuerz virun 9.30 Auer war den Accident geraumt. Et gouf kee blesséiert.

Kuerz no 6 Auer e Méindeg de Moien hat et op der N10 Bettel Richtung Veianen geknuppt. 2 Autoe waren hei net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert.

Géint 7.30 Auer gouf et zu Eschduerf en Accident mat engem Auto. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert.