Dir proposéiert an Dir decidéiert!Wiel vun der Lëtzebuergerin a vum Lëtzebuerger vum Joer

Wie soll Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer 2018 ginn? Schéckt eis d'Nimm vun Äre Kandidatinnen a Kandidate bis de 17. Dezember um 12 Auer eran.

Vum 19. Dezember u kënnt Dir dann decidéieren, wien dëst Joer de Lëtzebuerger an d’Lëtzebuergerin vum Joer 2018 gi soll. Bis den 31. Dezember kënnt Dir ofstëmmen.

Den Numm vum Lëtzebuerger an der Lëtzebuergerin vum Joer 2018 deele mir den 1. Januar 2019 mat!

Ënnert all deenen, déi eis e Personnage (Lëtzebuergerin an/oder Lëtzebuerger) proposéieren, verspille mir exklusiv Coffreten aus der ganz neier RTL Collectioun 2018.

MERCI fir d'Matmaachen a "Bonne Chance"!



RTL Collectioun 2018