KoalitiounsaccordWa Parteigremie wëllen, gëtt nächste Mëttwoch Regierung vereedegt

Formateur: Familljeleeschtungen erëm indexéiert, just nach eng Steierklass, Steier fir Betriber -1%, Digitaliséierungsministère, Cannabis legaliséieren.

Zesummen mam Etienne Schneider, der Corinne Cahen an dem Felix Braz huet de Formateur Xavier Bettel déi grouss Linnen vum Koalitiounsaccord virgestallt.

De Koalitiounsaccord gouf présentéiert (29.11.2018)
Formateur: Familljeleeschtungen erëm indexéiert, just nach eng Steierklass, Steier fir Betriber -1%, Digitaliséierungsministère, Cannabis legaliséieren.


Wéi kënnt d'Regierung de Privatstéit entgéint? (29.11.2018)
Dass 2 nei Congésdeeg bäikommen an de Mindestloun gehéicht gëtt , dat war jo schonn un d'Ëffentlechkeet duerchgesickert...

Anescht wéi 2013 géif d'Land elo gutt do stoen. Et wier gesellschaftspolitesch vill nogeholl ginn a vill an d'Infrastrukturen investéiert ginn.

Fir 2018 bis 23 wëll d'Koalitioun méi Gerechtegkeet, méi Innovatioun, Wäitsiicht a sozial Kohäsioun. D’Digitaliséierung an den Ëmweltschutz solle Pilieren vun der Regierungsaarbecht déi nächst Jore sinn.

De Xavier Bettel



Wann et dem Land gutt geet, soll et och de Leit guttgoen.

De Xavier Bettel no der Pressekonferenz

De Mindestloun geet Netto ëm 100 Euro an d'Luucht. D'Steieren fir all d'Betriber ëm 1 Prozentpunkt erof.

D'Corinne Cahen

D'Familleleeschtunge ginn nees indexéiert. Et soll nëmmen nach eng Steierklass ginn, quitte dass der Zuel vu Kanner Rechnung wäert gedroe ginn.

Lëtzebuerg gëtt sech de gratis ëffentlechen Transport an een Digitaliséierungsministère.

Et gëtt nach kee geneeën Datum vu wéini un den ëffentlechen Transport gratis ass. D’Mesure soll virun allem eng sozial sinn, gouf op der Pressekonferenz betount. Et géif net an éischter Linn drëm goen, fir méi Leit op Zuch ze kréien. Donieft soll eng richteg Reform iwwert d’Kilometerpauschal kommen. Déi zwou Saachen hätten awer näischt mateneen ze dinn.

D’Maisons-relais solle gratis ginn wärend de Schoulwochen, grad wéi och d’Contraceptioun. Confirméiert goufen och déi zwee zousätzlech fräi Deeg, dat heescht wéi mir scho gemellt haten. Een zousätzleche Congésdag an en neie Feierdag, den Europadag, den 9. Mee.

D’Sozialpartner sollen zesummen u Léisungen fir méi flexibel Aarbechtszäiten schaffen. Der Regierung schwieft e Recht op Deelzäit vir.

Den Etienne Schneider iwwert d'Aarbechtszäit

Den ëffentlechen Transport soll effektiv gratis ginn. Parallel, gouf op der Pressekonferenz betount, sollen d’Infrastrukturen weider ausgebaut ginn. Eng konkret Ausso zu der Reduktioun vun der Kilometerpauschal gouf et nach net.

De generaliséierten Tiers payant ass net fir direkt. An enger éischter Phas setzt Blo, Rout a Gréng op e fräiwëllege System. Donieft soll de sozialen Tiers payant vereinfacht ginn.

Am Ëmweltberäich well di nei Koalitioun virun un den ambitiéise Klimaschutzziler festhalen, d'Ekonomie Circulaire weider promouvéieren a ganz konkret Ziler geet een sech wat den Ausstig vum Glyphosat ugeet, egal wat op europäeschem Plang festgehale gëtt, well de Grand Duché bis Enn 2020 ganz aus dem Glyphosat erausklammen. Bis d'Joer 2025 well een op 20 % Biolandwirtschaft sinn.

An da gouf och confirméiert wat mer schonn ugekënnegt haten, dass de Cannabis och fir de Fräizäitkonsum legaliséiert gëtt.

An der Schoul sollen d’Reformen, déi an der leschter Legislatur gemaach goufen, wierke gelooss ginn. An et gëtt, dat gouf vu villen Acteuren um Terrain och gefuerdert, e Bildungsdësch organiséiert.

De Koalitiounsaccord gëtt e Méindeg vun de Verhandlungsleaderen ënnerschriwwen. Um Freideg gëtt de Formateur d’Opdeelung vun de Ressorte pro Partei eraus.

E Méindeg kommen d’Verhandlungsdelegatiounen eng leschte Kéier an der Plenière zesummen. De Formateur Xavier Bettel proposéiert de Koalitiounspartner hir Gremien Dënschdes beieneenzeruffen, fir iwwert de Koalitiounsaccord ofzestëmmen.

Wann déi dann hire Feu vert ginn, kéint déi nei Regierungsequipe e Mëttwoch de Mëtteg vum Grand-Duc vereedegt ginn.

Vun der LSAP koum dann och um Freideg de Moien d'Invitatioun op hiren ausseruerdentleche Kongress, de 4. Dezember um 18.30 Auer am Centre culturel Paul Barblé zu Stroossen.

Reaktiounen vun Esch op déi éischt Revelatiounen vum Accord

Wat sinn di éischt Reaktioune vun de Leit op di nei Regierung? Mir hunn d'Leit an der Groussgaass gefrot iwwert d'Besetzung vun de Regierungsposten, a wat se zu de Mesure soen, déi decidéiert goufen, wéi zum Beispill der Erhéijung vum Mindestloun an dem gratis ëffentlechen Transport. Vill positiv Äntwerte waren dobäi, Virwëtz, an den een oder anere Bedenken.

Micro-Trottoir zu Esch (29.11.2018)
Wéi sinn d'Reaktiounen nodeems en Donneschdeg de Koalitiounsaccord a groussen Zich presentéiert gouf.


Reaktiounen aus der Stad
Wat sinn di éischt Reaktioune vun de Leit op di nei Regierung?





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.