Congéë sinn de GrondPost-Direktioun reagéiert op Kritik vu Manktem u Bréifdréieren

D'Post kënnt all Dag an der Woch, vu méindes bis freides. Sou war et ëmmer, mä zanter enger Zäit ass dat awer net méi iwwerall am Land de Fall.

Bréifdréieschgewerkschaft: Ze wéineg Personal (04.12.2018)
D'Post kënnt all Dag an der Woch, vu méindes bis freides. Sou war et ëmmer, mä zanter enger Zäit ass dat awer net méi iwwerall am Land de Fall.

Eng Rei Leit hu sech beschwéiert, datt se net méi all Dag Post an der Boîte leien haten. E wichtege Courrier, op dee se gewaart hunn, ass méi spéit ukomm.

D'Bréifdréieschgewerkschaft confirméiert: et kéint net méi all Dag all Tournée gemaach ginn, dat well Leit feelen. Dat suergt natierlech fir Onzefriddenheet beim Client an och bei de Bréifdréieren.

Personalproblemer bei der Post - Reportage Carine Lemmer

Nach ëmmer mussen d'Bréifdréieren duebel Tournéeë maachen, also Iwwerstonnen. Déi si fest ageplangt. Ob dat iwwerhaapt legal ass, ass nach eng aner Fro. Mä wa keng Iwwerstonne méi méiglech sinn, kee méi däerf zousätzlech ausdroen, muss de Courrier leie bleiwen. Dat wär schlecht, och d'Post wéilt dat net, seet de Raymond Juchem, de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, mä leider wären net genuch Leit do. Et hätt ee grouss Problemer domadder, dass ganz vill Leit Congé partental huelen. Dobäi komme Coursen, Mi-temps thérapeutique, Congé politique an natierlech déi Leit, déi hir Aarbecht scho méi laang maachen a net méi kënnen als Bréifdréier agesat ginn.

D'Post rekrutéiert nei Leit, sou de Raymond Juchem, mä gutt Leit fannen ass, wéi op ville Plazen, net einfach. Vill halen der op, well d'Konditiounen ze ustrengend sinn. En Effektiv vu 470 Leit misst do sinn, fir d'Post ze garantéieren.

Den Job ass eng haart, kierperlech Aarbecht, gëtt de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft ze bedenken. 8 bis 12 Kilometer trëppelt de Bréifdréier an der Moyenne, bei all Wieder, Eenzeler bis zu 15 Kilometer. En normalen Aarbechtsdag fänkt um 6 Auer Moies un an ass um 2 eriwwer. Bis 4 Auer mëttes däerf ee maximal schaffen. Wa Leit feelen, muss de Bréifdréier also nach bis 4 Auer en Deel vun enger zweeter Tournée maachen.

Clienten onzefridden: Der Post feelt et u Bréidréieren (03.12.2018)
D'Post kënnt all Dag an der Woch, vu méindes bis freides. Sou war et ëmmer, mä zanter enger Zäit ass dat awer net méi iwwerall am Land de Fall.

De Beruff ass sécherlech net méi sou attraktiv wéi viru Joren, esou de Raymond Juchem. Soss ass een ënnert dem Statut vum Fonctionnaire agestallt ginn, dat mat gudde Paien, mat deenen sech anstänneg liewe léisst. Haut ass et esou, dass een als Salarié agestallt gëtt, knapps iwwert dem Mindestloun.

D'Enkpäss féieren also derzou, datt a leschter Konsequenz, wa keng Iwwerstonne méi méiglech sinn, eng Tournée leie bleift. Mä heescht „Service universel“ dann net, datt d'Post misst den Dag drop ausgedroe ginn?

D'Reegel wier hei ganz kloer: D'Gesetz seet aus, dass d'Distributioun all Dag muss gemaach ginn, also 5 Deeg an der Woch, vu méindes bis freides. Da gëtt et awer och eng Reegelung iwwert den ILR, hei géif net méi vun esou enger alldeeglecher Distributioun geschwat ginn, hei gëtt et dann e "Jour + 2" oder e "Jour + 3". Et gëtt also vun all zweetem Dag geschwat. D'Post seet kloer, dass een natierlech wéilt all Dag all Tournée garantéieren, wéinst de Personalproblemer géif et awer Problemer an der Organisatioun ginn.

Also profitéiert d'Post aktuell vun der Interpretatioun vum ILR. Momentan gëtt den neie Kollektivvertrag ausgehandelt. Et hätt een Zousoe vun der Post-Direktioun, sou de Raymond Juchem, datt d'Lounkonditioune géife verbessert ginn, fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen, fir gutt Leit ze rekrutéieren an dem Client e gudde Service ze bidden.

Reaktioun vun der Direktioun vun der Post

Esou kéint een dat net ënnerschreiwen, dat op Nofro d'Reaktioun aus der Direktioun. Aktuell ginn et op engem Dag 357 Tournéeën. Dofir huet d'Post en Effectif vu 465 Bréifdréier. Deemno eng Reserv vun 30 Prozent, déi gutt duergoe géif, fir d'Zil - all Dag all Haus ze zerwéieren - ze erfëllen, seet d’Direktesch vu Post Courrier Hjoerdis Stahl. Fakt wier awer, dass een net ëmmer kéint virausgesinn, wéini een ausfält. De Plang géing all Dag gemaach ginn an deemno wéi kéint et dann och emol eng Kéier enk ginn, heescht et aus der Direktioun.

D'Direktesch vu Post Courrier Hjoerdis Stahl

Grond fir de Manktem u Bréifdréier op verschiddenen Deeg si Variabele wéi de Congé therapeutique, de Pappen- a Mammen-Congé, altersbedéngt Dechargen. Op deem Punkt si Gewerkschaft an Direktioun sech eens. Net awer iwwer d'Aarbechtskonditiounen an d'Attraktivitéit vum Beruff. Et géif ëmmer gesot ginn, Bréifdréier wier ee flotte Beruff, ma dat net bei all Wieder.

D'Direktesch vu Post Courrier Hjoerdis Stahl

Aus der POST-Direktioun huet et nach geheescht, et géif ee sech Upassunge beim Salaire net verschléissen. Den Ament gëtt jo en neie Kollektivvertrag fir d'Salariéë bei der Post ausgehandelt.

Reaktiounen an de soziale Medien






Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.