PolicegewerkschaftAarbechtszäite beim Staat: Police an der Illegalitéit

Wann d'Polizisten an der Aarbechtszäit net an der Illegalitéit wieren, da géifen nach méi Leit um Terrain feelen.

© RTL Archivbild

E Méindeg an Dënschdeg sëtzt d'Policegewerkschaft SNPGL wéi all Joer ëm des Zäit a Klausur beieneen, fir iwwert dat ze schwätzen, wat hire Memberen uewe läit. Dëst Joer stinn ënnert anerem d'Aarbechtszäiten, d'Iwwerstonnen, eng dënn Personaldecken an d'Reorganisatioun vun de Schichten am Fokus. Den Ament ass d'Police an u sech déi ganz Fonction publique carrement an der Illegalitéit,  wann een den neie Staatsbeamtestatut an d'Gesetz iwwert den Zäitspuerkonten eent zu eent applizéiert.

Schichte bei der Police / Reportage Claude Zeimetz

Et ass nämlech sou, dem Staatsbeamtestatut no, geet eng Schaffwoch vun engem Fonctionnaire am Prinzip iwwer 5 Deeg, vu Méindes bis Samschdes, Sonndes-, Owes- an Nuetsstonne si guer keng virgesinn. Derogatioune kënne wuel via Réglement grand-ducal kommen. Ma sou e Reglement gëtt et net. Mat der Aféierung vun den Zäitspuerkonten op den 1. Oktober ass zu Lëtzebuerg donieft och en neit Gesetz iwwert d'Aarbechtszäit ëmgesat ginn, dat op enger EU-Directive baséiert. An deem Gesetz, dat nach méi strikt ass, wéi déi Direktive, ass déi maximal legal Aarbechtszäit beim Staat gereegelt an dat stellt d'Police an hirem Alldag virun e seriöe Problem, seet de President vun der SNPGL Pascal Riquier.

Konkret ass elo gemierkt ginn, datt d'Aarbechtszäite limitéiert sinn. Pro Dag dierf een nach just 10 Stonne schaffen, Iwwerstonnen inclus. Dat heescht 8 plus 2. Pro Woch sinn et 48 Stonnen. 40 plus 8. Dat ass natierlech e grousse Problem fir d'Police, well mir net sou funktionéieren. An dat stëmmt net nëmmen fir d'Police, mä fir all Staatsbetriber, déi op Schichte schaffen. Dat ka sou net funktionéieren.

Et kann net funktionéiert an dowéinst gëtt d'Gesetz de Ament och net sou applizéiert, wéi et misst. Huele mer just den Encadrement vun engem Fussballmatch.

Do hunn eis Leit bis ewell Schichte gemaach vun 12 Stonnen. Wa mir dat nationaalt Gesetz strikt applizéieren, da geet dat net méi, well et just 10 Stonnen dierfe sinn. Well awer weider geschafft gëtt, wéi bis ewell, sinn d'Beamten, der Lecture vun der Gewerkschaft no, an der Illegalitéit.

D'SNPGL huet antëscht d'Gespréich mat der Direktioun vun der Police gesicht  fir an den dräi nächste Méint Derogatiounen fir d'Polizisten auszehandelen. Zil ass et, d'Flexibilitéit, déi d'Direktive engem gëtt, och hei am Land spillen ze loossen. Mat den neie Schichtpläng, déi vu Januar u gëlle sollten, hu vill Leit nämlech hir Problemer, well se kloer u Flexibilitéit abéissen.

Do zirkuléieren elo vill Pläng. Mir wësse vun engem Plang, bei deem d'Direktioun sech strikt un dat nationaalt Gesetz hält. An do ass et sou, datt d'Leit net méi vill Weekender fräi hätten.

De Pascal Riquier gëtt et och ze bedenken, datt wann d'Beamten manner Iwwerstonne maachen, um Terrain nach méi Leit feelen. An do wier et elo schonn plazeweis ganz enk.


Net genuch Polizisten zu Miersch, Maacher an am Norde vum Land
De Personalmanktem an d'Aarbechtszäiten, dat sinn d'Themen déi e Méindeg an en Dënschdeg am Kader vun der Klausur vun der SNPGL op den Dësch kommen.

Trotz Efforten am Rekrutement, feelt et den Ament u Polizisten, besonnesch a verschiddene Regiounen a besonnesch op der Nuetsschicht. Wéi mer op Nofro vum President vun der SNPGL gesot kruten, ass dat ënnert anerem an de Géigende Miersch, Maacher an am Norden de Fall. Dem Pascal Ricquier no soll op der Klausur doriwwer méi am Detail de Point gemaach ginn. Den SNPGL-President schwätzt sech awer elo scho fir eng nei Orientatioun am Rekrutement aus. Déi lescht zwee Joer goufen 80 Leit rekrutéiert. Dat wier scho just gewiescht. Dëst Joer rechent d'Policegewerkschaft grad emol mat 40 Neien. Dat géif just duergoen, fir d'Departen an d'Pensioun z'ersetzen.

En anere Problem sinn d'Aarbechtszäiten. Wann d'Police déi nei Reegele bei den Zäitspuerkonten an de Staatsbeamtestatut strikt applizéiere géif, dierften d'Beamte vill manner Iwwerstonne maachen a carrement sonndes an nuets iwwerhaapt net méi schaffen. An da feelen nach méi Leit, sou de Pascal Ricquier am RTL-Interview.

Mat den Zäitspuerkonten ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, déi d'Aarbechtszäite beim Staat genee reegelt. Nieft der Police wieren all d'Beamten u sech an der Illegalitéit déi Schichten, nuets a sonndes schaffen. Hei misste sech seriö Gedanke gemaach ginn, fir ënner Sozialpartner Derogatiounen auszeschaffen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.