LSAP-Rumouers geet virunM. Schanck demissionéiert, JSL wëlle géint Regierungsprogramm stëmmen

En Dënschdeg de Moie koum d'Nouvelle, dass d'Jonk Sozialiste géint de Regierungsprogramm stëmme wäerten.

© RTL Archivbild
Rumouers bei der LSAP / Reportage Annick Goerens



Scho kuerz no de Walen hate 16 Partei-Memberen e Bréif un d'Partei- an Fraktiounsspëtzt geschriwwen, deen eis virläit, fir si, wéi et heescht, z'erwächen. D'LSAP hätt an de leschte 5 Joer kaum nach eng eege Meenung gehat an dat besonnesch an Dossiere wéi der Educatioun, dem Environnement, dem Transport an an der Famillje- a Sozialpolitik, wou een a viregte Regierungen awer Verantwortung hat.

D'Juso'en stëmme géint de Regierungsaccord

D'Juso'e stëmme jo den en Dënschdeg den Owend géint den ausgehandelte Regierungsaccord, dat, wéi et heescht, wëll eng Defaite misst en Ëmdenken erfuerderen: sou géif d'LSAP keng nei Themefelder besetzen, wéi de Logement, Educatioun oder d'Kultur. Och hätt ee missten Zukunftsressorten, wéi d'Energie oder d'Economie circulaire, ofginn.

Weider kritiséieren d'Jusoen, datt sech d'Mammepartei géif fir d'Hausse vum Mindestloun feiere loossen. Ma well awer ewell de gesetzlechen Ajustement vun 1,1% do dran agerechent wier, wier déi reell Hausse nëmme 77 EURO.

Eppes, dat den Aarbechtsminister Nicolas Schmit nach an der Wahlcampagne ausgeschloss hat, deemools goung vun engem Netto Wuesstem rieds, bei deem d'1,1% géifen dobäigerechent ginn. "Mir proposéieren 100€ direkt netto, zu deenen dann natierlech déi normal Adaptatiounen dobäi kommen, also 1,1%, wat 23-25 Euro géifen ausmaachen. Et ass eng sozial gutt Mesure, déi och méi kléng Betriber gutt droe kéinten", esou de Nicolas Schmit am "Face-à-face" bei de Kollege vum Radio 100,7.

De Nicolas Schmit am 100,7-Interview

Zu deem wat de Nicolas Schmit an der Wahlcampagne um Radio 100,7 sot, koum et also net, et kennt zu der Mindestlounhausse vun den 100 Euro, wouranner d'1,1% ewell agerechent sinn. Sou steet et allemol schwaarz op wäiss am Regierungsaccord.

PDF: Schreiwes vun der JSL

Et wär den Deputéierte weder erlaabt ginn, fir sech ze profiléieren, nach fir e Projet vun engem Koalitiounspartner kritesch ze hannerfroen. Dofir war et den Appell vun de 16 Signatairen, dorënner de Sammy Wagner, Régis Moes a Myriam Schanck, fir sech déi nächst Ressorten a Mandataire gewëssenhaft erauszesichen an och jonk Leit an d'Verantwortung ze setzen.

D'Myriam Schank huet demissionéiert
Wierklech eescht geholl huet sech déi laangjäreg Partei-Militantin a fréier Fraktiounssekretärin Myriam Schanck awer net gefillt, wéi aus engem Email-Echange mam Fraktiounschef Alex Bodry ervirgeet, deen de Bréif "iwwerflësseg" genannt huet.

Och dee Mail-Wiessel läit RTL vir (*un den Textpassage gouf näischt geännert)

An dëse Message stellt d'Myriam Schanck och ganz däitlech Froen, zum Beispill wou de personelle Renouveau bei engem Mars di Bartolomeo oder beim Alex Bodry selwer wären, wa si elo nees 5 Joer an d'Chamber ginn, amplaz engem aneren LSAP-Deputéierten d'Chance ze ginn. Kritiséiert gouf och een Optriede vum Nicolas Schmit an dat schlecht Ofschneide vum Etienne Schneider: *Qualifizéiert dat heen trotzdem ouni Diskussioun fir an eng nei Regierung?

Op Versteesdemech ass d'Myriam Schanck net gestouss an huet dunn decidéiert der Partei de Réck ze dréinen.

*Ech stelle fest, déi fro wéi d'LSAP a 5 Joer wëllt do stoen, interesséiert a Wierklechkeet kee Mënsch. Et stellt kee sech selwer a Fro an et wëllt och kee sech der Äntwert op d'Fro - wat kann ech menger Partei a 5 Joer (nach) bréngen? - stellen an d'Konsequenzen doraus zéien. De Leitfaden ass éischter: egal wéi vill Sëtz d'Partei huet, d'Haaptsaach MÄIN ass nach oder erëm derbäi.

Kuerz drop:
*Ech hunn wierklech gehofft  dës Kéier – mat dem historesch schlechte Wahlresultat a mat 10 Sëtz-, géifen eenzel Leit hire perséinlechen Ego ofsträifen an hiren eegenen Intresse zréckstellen.“

Dofir d'Conclusioun:
*„et geet fir mech kloer weider wéi eh und je an ech hu beim allerbeschte Wëllen no 20 Joer Memberschaft keng Loscht méi Deel vun enger Gemeinschaft ze sinn, vun där een iergendswann an de Geschichtsbicher liest  wéi se sech vun enger grousser Vollekspartei zu enger Randbewegung erofgewirtschaft huet.

Mam Myriam Schanck gëtt also e laangjäregen LSAP-Member d'Parteikaart of. Ob sech nach Anerer dorunner e Beispill huelen, bleift ofzewaarden. Ob si sech um Partei-Kongress zu Wuert mellen an hir Meenung soen, bleift dann och ofzewaarden. Datt d'Tess Burton sech zréckgezunn hat, fir e Regierungsposten z'iwwerhuelen an et dobäi soll "Pressiounen" op d'Fra ginn hunn, och dee Reproche steet jo nach am Raum.

RTL NEWS: Gouf d'Tess Burton ënner Drock gesat, fir op e Ministerposten ze verzichten?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.