CR309Mann stierft no Malaise um Steier

En Dënschdeg am Nomëtteg géint 14.40 Auer ass um CR309 tëschent Bauschelt an Uerschdref e Mann mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm.

Mann stierft no Malaise um Steier (04.12.2018)
Onkommentéiert Bildmaterial.
E Mann Joergank 1941 hat um Steier ee Malaise an ass nach op der Plaz verscheet.

Op der Plaz waren de CIS Rammerech, de CIS Bauschelt, d'Ambulanz vu Rammerech, d'Ambulanz vu Wolz, d'Police an de Samu.

Weider gouf et um 14.29 Auer een Accident op der A4 mat engem Blesséierten.