NumismatikAss eng 2-Euro-Mënz wéinst engem "Feeler" onmoosseg wäertvoll?

Et ass just eng kleng Mënz, mä se ass iwwer 100'000 Euro wäert. Am Fong net, mä se gëtt sou am Internet ugebueden.

Eng feelerhaft 2-Euro-Mënz, déi Milliounen Euro wäert ass? (04.12.2018)
Fir de Marco Valenti, dee schonn zanter iwwer 30 Joer eng Passioun fir d'Numismatik, also den Handel mat Mënzen huet, ass dee Präis onverständlech.
Et ass eng Zwee-Euro-Mënz mat engem klenge Feeler. An esou Mënze kënne vill méi Wäert si wéi just dat, wat drop steet.

Also wierklech eng 2-Euro-Mënz fir iwwer Honnertdausenden Euro? Oppasst, dat ass de Präis, deen de Vendeur am Internet fir déi dach ganz ordinär Mënz gefrot huet. E klenge Stär, deen net ganz genee ausgepresst gouf, soll déi Mënz esou deier maachen. Fir de Marco Valenti, dee schonn zanter iwwer 30 Joer eng Passioun fir d'Numismatik, also den Handel mat Mënzen huet, ass dee Präis awer onverständlech ...

Ma wat ass dann elo iwwerhaapt esou eng Mënz wierklech wäert? Dat huet virun allem domat ze dinn, wat alles op der Mënz net richteg ass, respektiv wéi dacks et de Feeler gëtt, seet de Marco Valenti.

Eppes aneres, wat beim Wäert vun enger Mënz net ze ënnerschätzen ass, dat sinn de Marché an déi perséinlech Verbonnenheet vun de Sammler mat de Mënzen. Do kann een da ganz séier vu Präisberäicher vu wäit iwwer 100 Euro schwätzen.

Manner wéi 1% vun de Mënzen, déi am Ëmlaf sinn, hunn e Feeler, an d'Zuel vun de Mënze mat Feeler geet enger Etüd vun der Europäescher Zentralbank no ëmmer wieder erof. De Wäert vun esou falsche Frappe kéint also an deenen nächste Jore klammen ...

De Max Hesse ass deenen deiere Sammelstécker op d'Spur komm.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.