LIVETICKER FIR NOZELIESEN - Nei KoalitiounDP, Gréng an LSAP stëmme fir Accord, Posten a Persounen

En Dënschdeg den Owend waren déi dräi Parteien zesummekomm, fir iwwer dat neit Koalitiounsofkommes, d'Ressortverdeelung an d'Mandater ofzestëmmen.

En Dënschdeg den Owend um 18.30 Auer sinn den LSAP-Kongress an de Kongress vun deene Gréngen an och de Comité directeur vun der DP zesummekomm, fir iwwer de Koalitiounsprogramm an d'Ressortverdeelung vun der neier Dräierkoalitioun ze decidéieren.© Joël Detaille, René Scho, Pierre Weimerskirch, RTL

Gambia 2.0 krut 3 Mol gréng Luucht, vu Blo, Gréng a Rout.

LSAP: Et huet laang gedauert

Et gouf diskutéiert. Et goufe Froen opgeworf a virun allem gouf och vill kritiséiert, um ausseruerdentleche Kongress vun der LSAP am Centre Barblé zu Stroossen. D'Ressorte si verdeelt, d'Regierung steet an de Programm gouf vun der Basis ofgeseent. Ma iwwer d'Zukunft vun der Partei an den Renouveau dierft och an den nächste Méint nach vill geschwat ginn, och wann d'Partei-Basis fir elo mol hiren Accord ginn huet.

Blo-Rout-Gréng stellen zwar elo déi nächst Regierung, ma wierklech iwwerzeegt vum Projet Gambia 2.0 ware vill Memberen en Dënschdeg den Owend éischter net. Iwwer 400 Leit waren am Sall an am Ganze goufen et 21 Wuertmeldungen. Dobäi huet sech erauskristalliséiert, dass et fir vill Leit net een Aveu un déi nei Regierung ass, mä e Vott géint eng CSV an der nächster Regierung.

De Mike Hansen, Conseiller vun Esch: „Genossinnen a Genossen. Wéi de Jang géing soen „merde alors“. Et ass eis historesch, verdammte Flicht a Chance, fir d'Pafen eng zweete Kéier hannerteneen an d'Oppositioun ze schécken. Vu menger Säit ass dat sécher kee "Jo" fir Gambia 2, mä e groussen "Nee" fir d'CSV."

Erauszehéiere war bei ganz villen Interventiounen eng grouss Onzefriddenheet, iwwer d'Kommunikatioun vun der Parteispëtzt. Et wär eng Frechheet, wéi d'Membere behandelt goufen, erkläert de Georges Sold, Generalsekretär vun de Jonke Sozialisten, déi géint de Programm gestëmmt hunn: "Et kann net sinn, dass mol eng Woch am Viraus e Kongress ugekënnegt gëtt. Et kann net sinn, dass mer bis gëschter net wierklech woussten, wat am Koalitiounsaccord dra steet. Et kéint ee bal mengen et wier express esou gemaach, fir dass och nëmmen kee sech am Viraus versammelt kritt, fir dass nëmmen keen de Koalitiounsaccord ënnert d'Lupp hëlt, well dir wësst, wat dir eis do en Gros liwwert, ass aarmséileg. Dass de Koalitiounsaccord gëschter schonn ënnerschriwwe gouf a Muer och scho vereedegt soll ginn, beweist fir mech, dass de Kongress hei méi Form-Saach ass, wéi dass wierklech eis Meenung nach gefrot gëtt."

Am Allgemenge war schlecht Kommunikatioun, oder wéi den LSAP Member Fabio Secci et ausdréckt, eng Zitat „kommunikatiounstechnesch Kakophonie“ wou alles einfach eraus posaunt gouf, an de leschte Wochen e grousse Problem fir d'Partei. Zum Beispill a punkto Posten-Verdeelung.

Fabio Secci: "Bon, et ass wéi et ass, mä komm mir halen op de Leit dobaussen ze zielen et géing eis net ëm d'Poste goen, wann dat doten am Endeffekt dat ass, wat scho Wochelaang an der Partei geschwat gëtt. Verkaaft eis net fir domm. "

Den Etienne Schneider huet méi spéit och op d'Reproche reagéiert: Ech wëll iech just eppes soen. Ech sinn iwwerzeegt, dass et net eis Politik ass, déi eis Partei futti mécht. An ech soen iech och, et ass och net den Alter vun eise Mandatairen, deen d'Partei futti mécht, mä eis Partei geet futti un all deene ge-leakte Mailen an Internaen, an un all deenen ëffentlechen Bréiwer vu Leit, déi zum groussen Deel sech weder an e Gremium vun enger Partei wiele gelooss hunn, nach an iergendengem Aarbechtsgrupp matgeschafft hunn, nach sech soss iergendwéi an déi Partei hei abréngen.

Bei de Sozialiste war et bis zum Schluss zu Stroossen am Centre Barblé spannend. Ma um Enn war et dach grouss Majoritéit ënnert den 379 Delegéierten, déi fir d'Suite vu Gambia gestëmmt hunn. Et waren nëmmen 13 Neestëmme bei 9 Abstentiounen. Domat war de Programm ugeholl an d'Ressort-Verdeelung och. E bësse méi spéit kruten och déi nominéiert Kandidate fir déi eenzel Mandater gréng Luucht:

- Etienne Schneider: Vize-Premierminister, Wirtschaft a Gesondheet.
- Jean Asselborn: Ausseminister, Immigratioun & Asyl.
- Romain Schneider: Landwirtschaftsminister, Sécurité sociale.
- Dan Kersch: Aarbechtsminister, Économie sociale et solidaire, Sport.
- Taina Bofferding: Inneministesch, Chancëgläichheet.
- Paulette Lenert: Kooperatiounsministesch, Konsumenteschutz.

An den Nicolas Schmit soll als nächsten EU-Kommissär an d'Course goen.

Den Alex Bodry bleift just nach 1 Joer Fraktiounschef, duerno iwwerhëlt de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel fir déi aner 4 Joer.

PDF: De Communiqué vun der LSAP

Wat en Dënschdeg den Owend hannert zouenen Diere geschwat gouf, wësse mer natierlech net, ma während den offiziellen Interventioune gouf erstaunlech wéineg, respektiv guer net iwwert d'Personalien Tess Burton oder Paulette Lenert geschwat.

Et soll awer definitiv een Renouveau vun der Partei entaméiert ginn. Wéi de Parteipresident Claude Haagen wësse gelooss huet, wäert an der Woch vum 21. Januar e Kongress organiséiert ginn, wou sämtlech Gremien erneiert ginn.

LSAP-Kongress: De Reportage vum Annick Goerens



„Ech si glécklech, dass et sou gaangen ass! Et war eng hefteg Woch, an et ass alles ganz kuerzfristeg gewiescht!“: Dat sot déi zukünfteg Ministesch fir d'Kooperatioun an de Konsumenteschutz, Paulette Lenert, en Dënschdeg den Owend nom Kongress vun der LSAP. Op d'Fro un d'Quereinsteigerin, wéi dat dann d'lescht Woch gaangen ass, huet d'Paulette Lenert de Kollege vun RTL Telé Lëtzebuerg geäntwert, dass et ganz onerwaart komm wier. Si hat d'lescht Woch e Méindeg bei der Ufro net vill Zäit driwwer nozedenken, ob se bereet wier Verantwortung als Quereinsteigerin ze iwwerhuelen. Si huet nach den Dag selwer hire prinzipiellen Accord ginn.

Paulette Lenert - Onerwaart Ufro

Et kéint ee sech net e Liiblingsministère eraussichen, huet déi zukünfteg Ministesch gemengt, an et wär d'lescht Woch och net de Moment gewiescht, fir Fuerderungen ze stellen. Si wier relativ polyvalent vum Profil hir, duerch hir 13 Joer Erfarung als Verwaltungsriichter. Et géifen net vill Ressorte ginn, wou se géif soen, dat géif guer net goen. Op enger Wonschlëscht wieren an enger éischter Phas wuel awer éischter Fonction publique, Ekonomie solidaire, Wirtschaft a Justiz gewiescht. Mä déi stoungen net zur Debatt.

Paulette Lenert - Polyvalente Profil

2016 wär si schonn am Gespréich gewiescht, fir an d'Regierung ze kommen, awer ni offiziell gefrot ginn, sou d'Paulette Lenert. Zu enger Erneierung bei der LSAP hätt et entweder duerch nei Leit aus der Partei oder awer duerch Quereinsteiger kënne kommen, an et wär eng normal Saach, dass et verschidde Meenungen dozou géif ginn, sot d'zukünfteg Ministesch. D'Partei hätt do probéiert, eng equilibréiert Léisung ze fannen.

FOTOGALERIE: Impressioune vum LSAP-Kongress

DP: Et ass séier gaangen
D'DP hat am séiersten an eestëmmeg decidéiert, dass et Richtung Gambia 2.0 soll goen. Si hat och kee Kongress, bei deene Bloe koum de Comité directeur zesummen. No enger décker Stonn koum de Formateur Xavier Bettel eraus bei d'Press an huet matgedeelt, datt déi gutt 50 Stëmmberechtegt unanime zu allem Jo gesot hunn.

De Xavier Bettel



Bei gudder Stëmmung a vill Applaus, deen duerch déi zouen Dieren ze héiere war, war de Vott vun de Membere vum Comité directeur um Enn unanime, wéi d'Parteipresidentin Corinne Cahen houfreg annoncéiert huet. Si hätte Merci gesot, well se ganz vill vun hiren eegene Proposen nees zeréckfannen am Koalitiounsprogramm. Ganz vill Membere wier ganz zefridde mam Accord an et wier e ganz ambitiéisen Accord. Et géif elo vill Aarbecht op d'Regierung waarden.

D'Corinne Cahen



- Wat d'Personalfroe betrëfft, ass de Xavier Bettel Staats-a Premierminister. Zoustänneg awer och fir d'Cultes, Medien a Kommunikatioun, fir deen nei geschafene Ressort Digitalisatioun a fir d'administrativ Reform.
- De Pierre Gramegna bleift Finanzminister.
- De Claude Meisch behält d'Educatioun an iwwerhëlt d'Héichschoulpolitik an d'Recherche.
- Fir d'Corinne Cahen sinn et d'Portefeuillë Famill an Integratioun wéi och d'Groussregioun.
- Fir de Marc Hansen sinn et d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament. Hien hëlleft als delegéierte Minister dem Xavier Bettel bei der Digitalisatioun a bei der administrativer Reform.
- Fir den neien DP-Minister Lex Delles sinn et d'Classes Moyennes an den Tourismus.

Hie sot um RTL-Mikro, dass wann ee mat an d'Wale geet, da wier ee prett fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Et géif ee gesinn, dass een als Equipe am Osten e ganzt gutt Resultat gemaach hätt, wou dunn och kee Wee derlaanscht gaangen ass, fir den Osten ze froen, fir e Ministerposten unzehuelen. Do louch et op der Hand, an e war och ganz frou, wou e gefrot gouf, sou nach de Lex Delles.
De Lex Delles



Domadder dierft och feststoen, dass de Fernand Etgen neie Chamberpresident gëtt.

De Landwirtschaftsministère ginn déi blo un déi rout of, eppes wat de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens bedauert, mä et kéint een net alles hunn. Viru 5 Joer hat de Charel Goerens op dësem Owend d'Method vu senger Partei kritiséiert. D'Situatioun wier dës Kéier eng aner. Wann een d'Press an d'Commentairen liest, wier dës Kéier déi Formatioun hei net kontestéiert.
De Charel Goerens



Déi Gréng: Zefridden an eens
Eemol unanime an eemol 213 vun 217 Stëmmen, mat deem däitleche Resultat hunn déi Gréng op hirem extraordinäre Kongress de Koalitiounsaccord an d'Ressort-Opdeelung gutt geheescht.

An engem komplett gefëllte Sall an der Abtei Neimënster, huet de Felix Braz iwwert eng Stonn laang, de Koalitiounsaccord erkläert an déi wichtegst Punkten ervirgestrach. Den Accord géif eng ganz kloer gréng Handschrëft droen an och net just an deene Ministèren, déi déi Gréng géifen iwwerhuelen, mä queesch duerch de Gaart. Et géif ee sech elo och net um gudde Walresultat ausrouen, mä et wier een nach méi ambitiéis an nach méi motivéiert, fir weiderhin hir Aarbecht ze maachen.

De Félix Braz



An déi Aarbecht mécht een als Gréng an 13 Ministèren, 5 Ministeren stelle si.

- Felix Braz Vizepremier- a Justizminister.
- François Bausch Mobilitéit, Infrastrukturen, bannenzeg Sécherheet an Defense.
- Carole Dieschbourg Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima.
- Claude Turmes Landesplanung an Energie.
- Sam Tanson Logement a Kultur.

Déi fréier Stater Schäffen a Member vum Staatsrot weess, dass béid Ressorte vill Aarbecht an den nächste Joren wäerte bedeiten, si wier awer houfreg dës Verantwortung z'iwwerhuelen. Zemools de Logement wier eng immens grouss Erausfuerderung, d'Kultur ass eng Häerzensugeleeënheet an och do gëtt et mat engem nei ausgeschaffte Kulturentwécklungsplang vill ze dinn.

D'Sam Tanson



D'Josée Lorsché iwwerhëlt iwwerdeems de Posten als Fraktiounscheffin an der Chamber, wou déi Gréng jo ewell mat 9 Deputéierte siègéieren.

"Et gi keng 5 gemittlech Joren, mä mir sinn nach méi motivéiert, wéi bis ewell", sot zum Ofschloss nach de Parteipresident Christian Kmiothek. Dëse Koalitiounsaccord wier vill besser, wéi dee vun 2013 an deen, dem Parteipresident no, ganz kloer eng gréng Handschrëft hätt.

De Christian Kmiotek

Nei gréng Conseillère an der Stad gëtt d'Linda Gaasch. Si réckelt fir d'Sam Tanson op de Knuedler no. Dat hunn déi Gréng um Dënschdeg den Owend bekannt ginn, nodeems déi nei Logementsministesch op hirem Poste confirméiert gouf. D'Linda Gaasch ass ëmweltpolitesch Beroderin vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz. U sech sollt d'Catia Fernandes an de Stater Gemengerot noréckelen. Well si awer an eng aner Gemeng plënnert, stoung si net méi zur Dispositioun, heescht vun déi Gréng. Nächstgewielt ass d'Linda Gaasch. De François Benoy iwwerhëlt de Poste vum Fraktiounschef um Knuedler.

RTL.lu: Wéi geet et weider

Liest hei nach emol den RTL-Liveticker vun en Dënschdeg den Owend

Liveticker Alles uweisen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.