N14Schroen Accident Ausgang Dikrech fir op Steeën

Um Mëttwoch de Moie géint 7 Auer koum op der N14, am Ausgang vun Dikrech a Richtung Steeën zu engem uergen Accident. De Chauffer gouf schwéier blesséiert.

An enger Lénkskéier ass den Automobilist vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Doropshin huet den Auto sech direkt e puer mol iwwerschloen an ass widder engem Zonk un d'Hale komm.

D'Rettungsequippen hunn eng Stonn gebraucht, fir de Chauffer aus dem Auto ze huelen. E koum mat schwéiere Blessure mat der Ambulanz an d'Spidol.

© Olidom Multimedia


Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Dikrech, de Samu Ettelbréck, grad wéi den Asazzenter Dikrech an Iermsdref.

Géint 7.30 Auer gouf zu Wolz an der rue du X septembre eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D'Ambulanz vu Housen an den Asazzenter vu Wolz waren op der Plaz.