ChamberMartine Hansen ass nei CSV-Fraktiounspresidentin

Um Mëttwoch an der Mëttesstonn gouf d'Martine Hansen als Nofolgerin vum Claude Wiseler fir de Poste vum CSV-Fraktiounspresident gewielt.

Martine Hansen ass CSV-Fraktiounscheffin (05.12.2018)
D'Martine Hansen wëll d'Äerm eropkrämpelen an eng konkret, zolidd a kritesch Oppositioun maachen.

Et ass eng Première an der Geschicht vun der CSV-Fraktioun. Mam Martine Hansen stellt déi nächst 5 Joer eng Fra d'Presidentin vun der Fraktioun vun der gréisster Oppositiounspartei an der Chamber.

Martine Hansen ass CSV-Fraktiounscheffin



D'Martine Hansen, Joergang 1965, hunn déi meescht Leit viru 5 Joer kennegeléiert. Deemools als Senkrechtstarterin. Éischt nationalpolitesch Erfarungen hat d'Martine Hansen direkt als Ministesch fir Héichschoul gesammelt. Deemools am Abrëll 2013 war et eng CSV-LSAP-Regierung an de François Biltgen hat de politesche Parkett verlooss, fir EU-Richter ze ginn.

Fënnef Joer méi spéit ersetzt d'Martine Hansen en aneren Spëtzepolitiker vun der CSV. An zwar de Claude Wiseler, deen no der Defaite bei dëse Landeswale säin Posten als Fraktiounschef zur Verfügung gestallt huet. Als eenzeg Kandidatin huet d'Martine Hansen de Moien 15 vu 19 Stëmmen, 3 Mol Nee an eng Abstentioun,  an der CSV-Fraktioun fir sech behaapten kënnen.

Wéi si d'CSV-Fraktioun vun 21 Deputéierten uféiere wëll, huet si esou erkläert, datt si weder soueren nach jéimere wéilt. Mä dofir d'Äerm eropkrämpelen an da mat der Ekipp zesummen un den Dossiere schaffen. Esou dann eng konkret, zolidd a kritesch Oppositioun maachen. An iwwerall do, wou d'CSV net mat der Majoritéit averstanen ass, wäert dës et mat der gréisster Oppositiounspartei ze di kréien.

E klore Message gëtt et och zum Koalitiounsaccord vun Blo-Rout-Gréng. D'Majoritéit dierf sech op vill Froe gefaast maachen, well grad bei der Wäitsiicht ass d'Martine Hansen sech net sécher, ob d'Majoritéit weess, wou ee wëll higoen. Well weder op den éischten, nach zweeten oder drëtte Bléck kann d'Martine Hansen dëst Zil erkennen. Et gi vill Saache versprach, awer villes ass och net konkret definéiert an et weess et net, wou et higeet.

Vizepresidente si mam Gilles Roth an dem Léon Gloden zwee Députés maires. De Claude Wiseler huet sengersäits erkläert, weiderhin Deputéierten ze bléiwen fir déi nächst 5 Joer. Hie wëll sech besonnesch ëm Aussen-, Educatiouns- a Kulturpolitik këmmeren.

Mam Vott en Faveur fir d'Martine Hansen ass eng wichteg Personal-Fro bei der CSV gekläert, dat éier Enn Januar déi komplett Parteispëtzt wäert erneiert respektiv ersat ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.