LSAPSchneider reagéiert op d'Situatioune vum Tess Burton a Myriam Schanck

Et hätt een der Tess Burton e puer Propose fir Regierungsposte gemaach, déi awer all net ugeholl goufen.

Fir den zukünftege Wirtschafts- a Gesondheetsminister wär et net falsch gewiescht, d'Tess Burton an der Regierung ze hunn. Als LSAP-Verhandlungsleader hätt hien der Politikerin aus dem Osten e puer Propose gemaach, déi si awer net als passend ugesinn hätt. Dofir hätt si de Choix getraff, net an d'Regierung ze goen a géif eben Deputéiert ginn. Dat sot den Etienne Schneider um Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Un de Vizepremier war et d'Fro, ob déi éischt Propos Santé a Sécurité sociale net awer och schwiereg Dossiere fir en neie Regierungsmember gewiescht wären.

Extrait Etienne Schneider (1)



"Dat ass richteg" seet den Etienne Schneider, ma dono huet hien déi Propos awer nach eng Kéier geännert an der Tess Burton de Ministère vun der Kooperatioun an den neie Ministère fir Konsumenteschutz proposéiert. Ma och op deenen Dossiere koum et net zu engem Accord. Dat huet den Etienne Schneider zu Kenntnis geholl an dofir huet d'Partei dem Tess Burton dunn eng aner Propos gemaach.

Dass no laange Verhandlungen d'Nerve blank leien an emol een ausflippt, dat wär dem Dan Kersch geschitt, nodeems d'Tess Burton och fir d'Ministèrë vun der Kooperatioun a vum Konsumenteschutz Bedenkzäit gefrot hat, dat kéim vir, sou den Etienne Schneider. Ob dat awer de Grond fir d'Tess Burton war, fir dës Ressorten net unzehuelen, géif hie bezweifelen.

Den zukünftege Wirtschafts- a Gesondheetsminister huet et donieft net korrekt an iwwerdriwwe fonnt, dass et bei RTL zur Iwwerschrëft koum, mam Myriam Schanck géif e Member aus der Partei zrécktrieden.

Extrait Etienne Schneider (2)



Déi Persoun hat scho laang kee Mandat méi an der Partei. Fir den Etienne Schneider war dëst awer net esou wichteg, datt et eng Headline an der Press hätt misste ginn. Um Kongress huet hien dann och matkritt, datt all déi negativ Meldungen iwwert de Koalitiounsaccord bei RTL ze liese waren an déi positiv wieren ënnergaangen. Et stéiert de Vizepremier dann, datt et Eesäiteg ass an alles e bëssen drop opgebaut ass, fir e Skandal ze maachen. Dat hëlleft engem awer net, fir en Debat ze féieren.

"Ech mengen, ech sinn net deen, deen der Press seet, wat se ze maachen huet. Ech erlabe mer awer trotzdeem, wann ech eng Kritik hunn, déi dann och ze maachen. Esou wéi Dir [Präzisioun vun der Redaktioun "d'Press"] dat och maacht".

D'Myriam Schanck wär als Presidentin vun der Zukunftskeess och net méi e wichtege Parteimember gewiescht, wéi en Aarbechter, huet den Etienne Schneider nach gemengt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.