Grouss international Razzia géint déi italienesch MafiaOch zu Lëtzebuerg goufen zwou Persoune festgeholl

Enquêteure sinn de Mëttwoch de Mueren ënnert anerem an Däitschland, Italien, Holland, der Belsch an och a Südafrika intervenéiert.

© AFP

Grouss international Razzia géint déi italienesch Mafia-Organisatioun 'Ndranghetta, déi den Drogeschmuggel a Richtung Europa dominéiert.

D'Enquêteure sinn e Mëttwoch de Mueren ënnert anerem an Däitschland, Italien, Holland, der Belsch, Südafrika an och zu Lëtzebuerg intervenéiert. Eng 90 Persoune goufe festgeholl. Si kréien ënnert anerem Drogenhandel a Blanchiment reprochéiert.

Zu Lëtzebuerg, méi genee am Süde vum Land, goufe Leit festgeholl. Zwee Männer vun 23 an 39 Joer, wéi d'Justiz präziséiert.

Am Ganze goufen an Europa bei dëser Aktioun iwwer 4 Tonne Kokain an Honnerte Kilogramm aner Drogen fonnt, de Gros dovunner an Holland. Et sinn Avoiren an Héicht vun zwou Milliounen Euro confisquéiert ginn.

Ob dës Affaire eppes mat der Rekord-Decouverte virun enger décker Woch um Findel ze dinn huet, ass net gewosst. Do waren 300 Kilogramm Kokain entdeckt ginn. Eisen Informatiounen no waren d'Drogen an engem Cargolux-Fliger verstoppt, deen vu Bogota aus Kolumbien koum.

Déi Europäesch Justizautoritéit Eurojust huet déi international Aktioun koordinéiert.

Offiziellt Schreiwes
Précisions du parquet de Luxembourg concernant l'opération « Pollino » (05.12.2018)

Ainsi qu’Eurojust vient de le communiquer (http://www.eurojust.europa.eu/press/PressReleases/Pages/2018/2018-12-05b.aspx ), l’opération « Pollino » a conduit aujourd’hui à un certain nombre d’arrestations dans plusieurs pays européens dont le Grand-Duché de Luxembourg. Ces investigations  ont un lien avec le milieu de la mafia italienne. Deux hommes respectivement âgés de 23 et de 39 ans, ont été arrêtés par la Police grand-ducale dans le sud du pays sur base d’un mandat d’arrêt européen que les autorités italiennes avaient adressé au parquet de Luxembourg.

Des mesures coercitives telles que des perquisitions ont été ordonnées par les autorités judiciaires luxembourgeoises.

Le parquet  de Luxembourg a décidé l’ouverture d’un dossier national.

Les deux hommes qui ont été arrêtés vont être entendus par un juge d’instruction luxembourgeois en vue de leur remise aux autorités requérantes.

Au vu du stade actuel de l’enquête, le parquet de Luxembourg n’est pas en mesure de fournir d’avantage de renseignements.

Il appartient à l’Etat requérant de décider de la communication ultérieure.